|
Donnerstag, den 26. Januar 2012 um 18:00 Uhr |
|
En Donneschden de 26. Januar 2012 war eng historesch Debatt fir eist d'lëtzebuerger Ländchen. Den Index esou ewéi mir en bis elo kannt hunn, soll oofgeschaff ginn an et soll bis 2014 nëmmen eng Indextranche kommen, egal wéi héich d'Inflatioun ass. Hei e puer Extraiten vum Jacques-Yves Henckes a Gast Gibéryen während der Debatt.
De Video vun der Debatt op Youtube
|
|
Weiterlesen...
|
|
Montag, den 23. Januar 2012 um 15:11 Uhr |
|
Här Graf, et geet duer!
Den 19. Januar huet den RTL-Journalist Nico Graf an enger „Carte blanche“ alt rëm eng Kéier probéiert, d’ADR an de Krees vu rietsextremen a kriminellen Organisatiounen ze zéien. An engem räichlech verwurrelte Commentaire huet hien en Amalgam vum Massemäerder Breivik aus Norwegen, der däitscher Neonazi-Mäerderband, dem Unwort des Jahres „Dönermorde“, der franséischer Extrème droite-Presidentin Marine Le Pen an der lëtzebuergescher ADR gemaach.
Mir wëssen net, wat den Här Graf derzou gefouert huet, fir eis Partei mat Rietsextremen a Kriminellen an een Dëppen ze geheien. Well hien huet näischt, awer och guer näischt Konkretes dat en eis virwerfe kënnt. Wann en net mat eis d’accord ass, wa mir eis fir eng besser Integratiounspolitik an e besseren Encadrement vun den Immigrantekanner an eisem Land asetzen, da soll en dat soen. Wann hien Punkten an eisem Grondsaz oder Wahlprogramm kritiséiere wëll, da soll en dat a Gottes Namen maachen.
|
|
Weiterlesen...
|
|
|
En Donneschdeg, den 19. Januar 2012, hate mir eis Neijoersreceptioun um Zens am Centre social et culturel. Den Nationalpräsident Roby Mehlen huet d'Joër 2011 resuméiert an déi politesch a sozial Aussichten fir 2012 op de Punkt bruecht. Zirka 100 Léit an d'Presse hunn sech fir e flotten Owend an enger gudder Stëmmung um Zëns afonnt.
De Video vum Neijoierspatt op Youtube
|
|
Weiterlesen...
|
|
Mittwoch, den 18. Januar 2012 um 11:22 Uhr |
|
Pressefräiheet: de Presserot deelt d'Meenung vun der ADR! D’ADR fuerdert, datt de Gesetzprojet 6127 soll zréckgezu ginn.
Virun engem Joer sollt e Gesetz gestëmmt ginn, wat d'Pressefräiheet a Gefor bruecht hätt. No enger energescher Pressekonferenz vun der ADR ass de Projet net an d'ëffentlech Sëtzung an d'Chamber komm. D'Alternativ Demokratesch Reformpartei ass frou driwer, datt elo och de Presserot an séngem Avis der Meenung ass, datt dëst Gesetz weder opportun nach néideg ass. D'ADR fuerdert, datt de Projet de loi 6127 zeréck gezu gëtt.
|
|
Weiterlesen...
|
|
Dienstag, den 17. Januar 2012 um 16:27 Uhr |
|
Die ADR hat mit Befremden zur Kenntnis genommen, dass die Regierung die Absicht hat elementare rechtsstaatliche Prinzipien im Rahmen ihres neuen Beamtengesetzes mit Füssen zu treten.
So sollen der Generalstabschef der Armee, der Generaldirektor der Polizei sowie der Direktor des Geheimdienstes künftig fristlos, ohne besondere Verfahrensregeln und ohne Einspruchsmöglichkeit vor einem Verwaltungsgericht entlassen werden können.
|
|
Weiterlesen...
|
|
Freitag, den 06. Januar 2012 um 15:59 Uhr |
|
Och d'ADR ass iwwert de politesche Wee beonrouegt deen eng (ze vill) grouss Partei an Ungarn aschléit. Si ass awer och irritéiert iwwert d'Aussoë vum lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn, deen an engem Tageblatt Interview fuerdert „Die EU-Kommission (…) muss zuschlagen“. Här Asselborn, d'Zäite vum Warschauer Pakt sinn eriwwer!
|
|
Weiterlesen...
|
|
Freitag, den 06. Januar 2012 um 13:36 Uhr |
|
De 6. Januar 2012 huet d'ADR eng Pressekonferenz iwwert d'Schoulreform ofgehalen.
Et ass gutt, datt grondsätzlech iwwer d’Schoul debattéiert gëtt an och iwwer esou wichteg Froen wéi d’Allgemengbildung. De Système vun de Kompetenzsockelen gëtt weiderhinn zu Recht kritiséiert. Mir freeën eis och iwwer d'Zivilcourage, dee vill Associatiounen, Gewerkschaften, mä virun allem och d’Schüler selwer gewisen hunn. Esou Reaktiounen dinn eiser Demokratie gutt.
De Vidéo op Youtube
|
|
Weiterlesen...
|
|
Dienstag, den 03. Januar 2012 um 10:27 Uhr |
|
D’ADR stellt sech kloer géint de Gesetzesprojet iwwer de «gliesene Schüler». De Staat muss a soll net alles iwwer seng Bierger, och d’Kanner, wëssen. D’Alternativ Demokratesch Reformpartei fuerdert, datt dëse Projet zeréck gezu gëtt a vertrëtt de Standpunkt, datt den Dateschutz och fir de Staat muss gëllen.
|
|
Weiterlesen...
|
|
Dienstag, den 20. Dezember 2011 um 15:55 Uhr |
|
Félicitatiounen Här Juncker, mat Äerer Hëllef ass Lëtzebuerg eemol méi Weltmeeschter ! Mir retten de Globus, an all Lëtzebuerger léint der Weltbank iwwer 4.000 Euro. Déi aarem Noperen aus der Belsch kënnen nëmmen 912€ op de Kapp bezuelen, déi aus Däitschland 507 € an déi aus Frankräich 482 €. Op dem séchere Wee vun der CSV kënnt et op 2 Milliarden € och net méi un. D’ADR géif sech trotzdem freeën, wann an Zukunft de Verstand bei internationale Verflichtunge géif matspillen!
|
|
Weiterlesen...
|
|
Zu den Décisiounen vun der Regierung vum 16. Dezember 2011 bezéit d’ADR folgendermoossen Stellung:
Et ass ze bedauren, datt den Dialog tëschend de Vertrieder vu Salariat a Patronat ofgebrach ginn ass. D’Regierung huet elo Moossnahmen décidéiert. D’ADR begréisst et, datt d’Regierung an dëse Krisenzäiten nët op d’Sozialpartner gewaart, mee Décisioune geholl huet. De Conträr wäer enger Kapitulatioun vun der Regierung gläichkomm.
|
|
Weiterlesen...
|
|
|
|
|
|
|
Seite 1 von 4 |