7% Chômage: en traurege Rekord!

Dësen Artikel ass an der éischter Editioun vum Pefferkär – Chamberwalen 2013 publizéiert ginn.

„De Chiffer vu 17 700 Chômeuren huet eng Signalwierkung“, sot den nach Aarbechtsminister Nicolas Schmit Enn August no enger Reunioun vum Konjunkturcomité. D‘Signal heescht: et geet duer mat der CSV-LSAP Aarbechtsmaart- a Bildungspolitik!

Déi ausscheedend Regierung huet de Constat vun hirem Echec offiziell matgedeelt. Op den 31. Juli 2013 huet den Aarbechtsminister 16 988 Leit gezielt, déi bei der ADEM no enger Aarbecht gesicht hunn. Dëst waren der 17,4% méi wéi ee Joer virdrun. Bei dëser Zuel muss een nach déi 4 601 Leit dobäizielen, déi vun enger „Mesure“ benefisséiert hunn, esou datt net manner wéi 21 589 Leit keng richteg Aarbecht fonnt hunn. Dobäi kënnt: fir 1 600 Salariéë gouf Kuerzaarbecht ugefrot.

Lëtzebuerg huet am Juli 2013 en neien Negativrekord gebrach mat engem Chômagetaux vu 7%! Wéi de Jean-Claude Juncker am September 1995 Premier gouf, sinn zu Lëtzebuerg manner wéi 5 000 Chômeure gezielt ginn, an de Chômagetaux louch ënnert 3%, wat allgemeng als Vollbeschäftegung gëllt.

D‘ADR huet zolidd Proposen, fir de Chômage an de Grëff ze kréien

Deel dëse Post: