Mat der ADR fir en anert Europa!

Dësen Artikel ass an der éischter Editioun vum Pefferkär – Europawalen 2014 publizéiert ginn.

Wéi soll et mat der Europäescher Unioun weidergoen? Iwwert dës Fro wäert an deenen nächste Méint net nëmmen zu Lëtzebuerg, mä an alle Memberstaaten diskutéiert ginn. Grad an dësen turbulenten Zäite verdéngen d‘Bierger kloer Äntwerten a realistesch Visiounen.

Prinzipiell loossen sech déi ënnerschiddlech Meenungen zur Zukunft vun der EU an dräi Modeller andeelen.

D‘Federalisten, déi ëmmer nees gären d‘USA als Beispill ervirhiewen, setzen sech fir d‘Vereenegt Staate vun Europa an. Laangfristeg géifen déi eenzel Länner hir Souveränitéit un en Zentralstaat oftrieden. Dëst géif ënnert anerem eng gemeinsam Verfassung, eng gemeinsam Regierung, ee gemeinsame Steiersystem, eng gemeinsam Arméi an esou weider mat sech bréngen. D‘ADR ass zu Lëtzebuerg déi eenzeg Partei, déi sech vehement géint dee Modell wiert, well déi eenzel Memberstaate forcéiert wieren op hir Fräiheet an Onofhängegkeet ze verzichten. D‘Federaliste schéngen och vergiess ze hunn, datt et – am Géigesaz zu den USA – an der EU eng kulturell an notamment sproochlech Diversitéit gëtt, där mat engem Zentralstaat net géif Rechnung gedroe ginn. Et gëtt nun eemol keen europäescht Vollék, mee vill europäesch Natiounen. Wéi soll e Land kënne seng Identitéit erhalen, wann et op enger Landkaart net méi als Staat, mä nëmmen nach als Provënz opdaucht?

Esou wéi et evident ass, datt d‘EU an hirer aktueller Form an déi falsch Richtung geet an datt ëmmer nees Feelentscheedunge getraff goufen, esou besteet zu Lëtzebuerg e Konsens iwwert d‘Noutwennegkeet vun engem friddlechen Europa mat engem grousse Bannemaart. An anere Länner, an notamment bei eisen Noperen, ass dëst net de Fall. Gewësse politesch Kräfte probéieren aus der allgemenger EU-kritescher Stëmmung (déi dacks ganz berechtegt ass) Kapital ze schloen, andeems se carrément eng Implosioun vun der EU eropbeschwieren. Och wann en Austrëtt aus der UE fir vereenzelt Memberstaaten eng méiglech Léisung duerstellt, däerf Lëtzebuerg, als klengt Land, op kee Fall mat op dee Wee goen.

D‘Allianz vun den Europäesche Konservativen a Reformisten (AECR), an där d‘ADR Member ass, ass dovunner iwwerzeegt, datt et e Mëttelwee gëtt tëscht dem federalen Europa mat engem Zentralstaat an dem Zesummebroch vun der EU, an zwar en Europa vun den Natiounen. De Modell, deen hei proposéiert gëtt, ass dee vu souveräne Memberstaaten, déi zesumme fir méi Fräiheet a méi wirtschaftleche Wuesstem schaffen.

Mir brauchen eng EU, an där d’Nationalstaaten nees méi ze soen hunn; eng EU, an där déi national Interessien nees vill méi staark verdeedegt ginn; eng UE, déi nees en oppent Ouer huet fir hir Memberstaaten an hir Bierger huet an net permanent ëmmer méi Muecht fir sech selwer beusprécht!

Deel dëse Post: