D’ADR an hir europäesch Famill

Dësen Artikel ass an der éischter Editioun vum Pefferkär – Europawalen 2014 publizéiert ginn.

Och wann d’ADR déi eenzeg Partei ass, déi sech zu Lëtzebuerg fir e soziaalt, demokratescht a fräit Europa vun den Natiounen asetzt, steet se innerhalb vun der EU net eleng do mat hire politeschen Iwwerzeegungen. Den 8. Juni 2010, also ee Joer no de leschten Europaparlamentswalen, ass se eestëmmeg als Member vun der AECR, der Allianz vun den Europäesche Konservativen a Reformisten, ugeholl ginn. Et handelt sech dobäi ëm eng Associatioun vun nationale Parteien, déi vum Europaparlament als solches unerkannt gëtt.

Fir d’ADR bedeit dës Memberschaft virun allem, datt se um europäesche Plang iwwert eng méi grouss Handlungsfäegkeet verfügt. D’Parteien, déi der AECR ugehéieren, zéien un engem Strang fir hir Visioun vun der EU bei de concernéierte Bierger ze promovéieren. D’ADR schafft ënnert anerem mat dëse politeschen Organisatiounen:

– déi britesch Konservativ Partei vum Premier David Cameron
– déi polnesch Partei Recht a Gerechtegkeet vum fréiere Premier Jarosław Kaczyński
– déi tschechesch Demokratesch Biergerpartei, déi zënter der Grënnung vum Land net manner wéi dräi Mol de Premier gestallt huet
– déi islännesch Onofhängegkeetspartei, déi als eendeiteg stäerkste Partei am Ament un der Regierung bedeelegt ass

D’ADR huet och Schwësterparteien an der Belsch, an Dänemark, a Kroatien, an Italien, a Litauen, a Lettland an a Rumänien.

Bei der Grënnung vun der AECR goufen déi Wäerter a Ziler festgehalen, zu deenen sech all d’Memberparteien, an dorënner natierlech d’ADR, bekennen. An der sougenanntener Deklaratioun vu Prag (d’Dokument gouf an der tschechescher Haaptstad ënnerschriwwen) sinn d’Prioritéite vun der AECR fir eng Reform vun der EU an 10 Punkte resuméiert:

– Fräien Entrepreneuriat, fräien a fairen Handel a Wettbewerb, minimal Reguléierung, niddreg Steieren an eng reduzéiert Regierung als Ausléiser fir déi individuell Fräiheet an de perséinlechen an nationale Wuelstand
– D’Fräiheet vum Eenzelnen, méi Eegeverantwortung an eng méi grouss Rechenschaftsflicht
– Nohalteg, propper Energieversuergung mam Fokus op d’Energiesécherheet
– D’Bedeitung vun der Famill als Fëllement vun der Gesellschaft
– Déi souverän Integritéit vum Nationalstaat, Oppositioun géint den EU-Federalismus an en erneierte Respekt fir eng reell Subsidiaritéit
– De prioritäre Stellewäert vun der transatlantescher Sécherheetsbezéiung an enger revitaliséierter NATO, an Ënnerstëtzung fir jonk Demokratien a ganz Europa
– Eng Immigratioun, déi op eng effizient Manéier kontrolléiert gëtt, a kee Mëssbrauch méi bei den Asylprozeduren
– Effizient a modern ëffentlech Déngschtleeschtungen an eng Sensibilitéit fir d’Bedierfnisser vun de ländlechen a vun den urbane Gemengen
– Keng iwwerflësseg an exzessiv Bürokratie a méi Transparenz an Integritéit an den EU-Institutiounen a bei der Verwendung vun EU-Suen
– Respekt a Gläichbehandlung fir all d’EU-Memberstaaten, ob nei oder al, ob grouss oder kleng

D‘ADR ass och gutt vertrueden an de Gremie vun der AECR. Den Deputéierte Fernand Kartheiser ass Conseilsmember an den Deputéierte Roy Reding ass Tresorier vun där Associatioun.

Deel dëse Post: