Target2: e Risiko fir Lëtzebuerg?

Dësen Artikel ass an der éischter Editioun vum Pefferkär – Europawalen 2014 publizéiert ginn.

D’ADR huet sech am Laf vun der leschter Legislaturperiod ënnert anerem Suerge gemaach ëm de sougenanntene Target2-System. Nodeems si an der Chamber Explikatioune vum deemolegen Direkter vun der Lëtzebuerger Zentralbank verlaangt an zum Deel och kritt huet, huet d’ADR op en Neits misse feststellen, wéi wéineg d’Chamber zu dëse wichtege Froen ze soen huet.

Obwuel an der Ëffentlechkeet kaum iwwert den Target2 (Trans-European Automated Real-time Gross Settlement Express Transfer System) diskutéiert gëtt, handelt et sech hei ëm e Clearingsystem, dee sech d’EU viru 7 Joer ginn huet an dee grad wéinst der Finanzkris vill Froen opwërft. D’Funktiounsweis ass déi heiten: iwwerweist eng national Zentralbank enger anerer Suen, entsti géigeniwwer der Europäescher Zentralbank (EZB), déi als Clearingstell agéiert, Verbindlechkeeten a Fuerderungen. Bei där enger nationaler Zentralbank entsteet e negativen Target2-Saldo, bei där anerer e positiven.

Uganks des Joers hat déi Lëtzebuerger Zentralbank (BCL) am Kader vun dësem Bezuelungsverkéierssystem e positive Saldo vun 105,5 Milliarden Euro, wat der ADR aus verschidde Grënn vill Suerge mécht. Fir d’éischt stellt sech d’Fro vun der Wahrscheinlechkeet, datt déi Créancen iwwerhaapt honoréiert ginn, dat heescht, datt Lëtzebuerg déi Suen zeréckbezuelt kritt, déi et zegutt huet. Et muss nämlech ervirgehuewe ginn, datt déi Länner, déi momentan ganz déif an der Eurokris stinn (Spuenien, Griicheland, Italien, Irland a Portugal), och déi gréisste Schëldner sinn. Wat geschitt also, wann den Eurogrupp géing zesummebriechen a wéi eng konkret Garantien huet Lëtzebuerg, déi den Target2-Saldo decken?

D’ADR muss och feststellen, datt d’Héicht vun deem positive Saldo aacht Mol dem Joresbudget vum Lëtzebuerger Staat entsprécht. De globale Montant ass am Laf vun der Zäit ferm an d’Luucht gaangen: vu 67,9 Milliarden Euro am Joer 2010 op, wéi schonn erwähnt, 105,5 Milliarden Euro (aktuellste Stand). Et kënnt nach dobäi, datt Lëtzebuerg am Hibléck op seng Awunnerzuel en iwwerproportional groussen Deel vum Target-System dréit. Deelt een de positive Saldo vun der BCL duerch eng hallef Millioun Residenten, dann ergëtt sech dorausser e Montant vun 210 000 Euro op de Kapp! Zum Verglach: obwuel Däitschland bei wäitem déi héchst Créancen huet (eng Rekordzomm vu 500,3 Milliarden Euro), beleeft sech d’Zomm pro Awunner op nëmme 6 250 Euro.

D’ADR trëtt fir d’Onofhängegkeet vun der Zentralbank an, mä bedauert, datt d’Chamber net besser informéiert gëtt, wann esou potentiell Risike fir eist Land geholl ginn. Déi national Parlamenter hunn ënnert anerem duerch d’Euro-Rettungsmesuren ze vill Autoritéit verluer hunn. Méi Transparenz a méi demokratesch Kontroll wäre jiddefalls erwënscht!

Deel dëse Post: