Wirtschaftspolitik: direkt handelen, fir eisem Land nach eng Chance ze ginn!

Lëtzebuerg steet viru gewaltegen Erausfuerderungen. D’Staatsverscholdung ass op engem Niveau, deen nach ni esou héich war; de Staatsbudget ass zënter Joren an engem strukturellen Defizit; de Chômagetaux klëmmt; d’Kompetitivitéit vum Land huet dramatesch ofgeholl; d’Qualitéit vun de Schoule verschlechtert sech zënter Joren; d’Integratioun vun der auslännescher Bevëlkerung iwwert déi Lëtzebuerger Sprooch muss ganz dréngend zu enger politescher Prioritéit ginn.

D’Parteien, déi bis elo an enger Regierung waren, hunn den Eescht vun der Lag iwwerhaapt nach net erkannt oder, wat nach méi schlëmm wier, d’Situatioun bewosst méi harmlos duergestallt, wéi se ass. Fir d’ADR heescht et dréngend handelen, fir dem Land nach eng Zukunft ze ginn!

D’ADR wäert sech resolut fir d’Fräiheet an déi perséinlech Verantwortung vum Eenzelen asetzen. De Staat huet e vill ze groussen Afloss op d’Privatsphär vun de Leit kritt. D’ADR wäert dës Entwécklung corrigéieren.

D’Sozialsystemer musse funktiounsfäeg a leeschtungsstaark bleiwen. Hiert akut Zil muss sinn, deenen, déi wierklech Hëllef brauchen, zur Säit ze stoen.

D’Geschäftsmodell vun der sozialer Maartwirtschaft muss weiderhi gëllen. Fir datt déi sozial Komponent vun dësem Gesellschaftsmodell sech awer ka voll entfalen, muss fir d’éischt eng héich, economesch Leeschtung bruecht ginn. Sozialpolitik kann dofir ni géint déi economeschen Interessen entworf ginn; nëmmen eng erfollegräich a kompetitiv Wirtschaft erméiglecht eng breet, gesellschaftlech Bedeelegung um Gewënn. Lëtzebuerg muss seng Economie stäerken an diversifizéieren an och fir déi international Investisseuren attraktiv bleiwen.

D’Schoule bereeden eis Jugend net méi genuch op d’Beruffsliewen an op déi international Konkurrenz vir. Hei gëllt et endlech esou anzegräifen, datt d’Situatioun korrigéiert gëtt. Et ass wichteg, nees méi Leeschtungsdenken am Unterrechtswiesen anzeféieren.

Mir brauchen eng Politik, déi net weidermécht wéi bis elo, mä mir mussen déifgräifend Reformen duerchféiere, déi Lëtzebuerg zukunftsfäeg maachen.