3. Fir eng gerecht Steierpolitik

Déi laang Period, wou d’Steierquellen nëmmen esou gespruddelt hunn, hunn d’Regierung ganz offesiichtlech dozou gefouert, liichtfäerteg mat de Finanzen ëmzegoen.

D’ADR ass der Meenung, datt d’Reegele fir de staatlechen Ëmgang mat de Steiergelder grondsätzlech mussen nei definéiert ginn.

Zil muss sinn , datt flächendeckend e verantwortungsvollen Ëmgang  mat de Steiergelder „en bon père de famille“duerchgesat gëtt, ouni datt de System fir déi staatlech Depensen ze vill bürokratesch gëtt.

Grondsätzlech sollen all Ministèren, Administratiounen a Schoule vill méi Autonomie a Selbstverwaltung a Saache Finanze kréien. De Modell vun enger Gestion séparée soll, wou et méiglech ass, zur Regel ginn. Déi aktuell Kontroll a priori duerch Finanzkontrolleure soll ofgeschaf ginn. Dowéinst gëtt am Finanzministère e Beroderteam agesat, dee speziell fir prozedural Froe geschoult gëtt, a bei schwierege Froen erbäigeholl gëtt. Ausserdeem gëtt de Kompetenzberäich vun der Cour des Comptes bedeitend erweidert. Och d’Gesetz iwwert ëffentlech Ausschreiwunge soll grondleeënd vereinfacht ginn.

Déi ëffentlech Ausgabepolitik gëtt vill méi strenge Kontrollen ënnerworf. Dobäi gëtt net nemme gekuckt, ob D’Depense rechtsméisseg ass, mä och, datt se zweckméisseg ass. Dat heescht, datt se economesch nëtzlech an effizient ass. Bei grousse Depensen oder deiere Projete muss dës Kontroll duerchgeféiert ginn, ier se an d’Chamber komme fir approuvéiert ze ginn. De Grondprinzip vum verantwortungvollen Ëmgang mat de Steiergelder muss sinn: dat beschtméiglecht Resultat mam klengstméiglechen Opwand ze errechen. D’ADR wäert sech dofir asetzen, datt esou eng Reform duerchgesat gëtt.

Mir wëllen, datt d’Zoustännegkeeten an d’Pouvoire vun der Cour des Comptes bei der Kontroll vun den ëffentlechen Depensen op sämtlech ëffentlech Ariichtungen souwéi Bezéier vun ëffentleche Finanzmëttel a Subsiden ausgeweit ginn.

Déi grëndlech Kontroll a posteriori kann natierlech net fir all ëffentlech Déngschter, respektiv op all Depense vum Budget gemeet ginn, mä kann nëmmen iwwert Stéchprouwen duerchgeféiert ginn.

Dowéinst muss d’Cour des Comptes reforméiert ginn. Als éischt muss d’Ernennungsprozedur fir d’Féierungsspëtzt entpolitiséiert ginn. D’ADR fuerdert, datt d’Wiel vun de Conseillere fir d’Cour des Comptes an Zukunft duerch en neutrale Gremium vu Fachleit geschitt, dëst op Basis vun der Qualifikatioun vun de Kandidaten. D’Conseillere gi fir e Mandat, deen an der Zäit limitéiert ass, genannt.

Et däerf net sinn, datt d’Kontroll dovunner ofhänkt,ob deen, dee kontrolléiert gëtt, dem Kontrolleur entgéintkënnt oder net. De Féierungsgremium vun der Cour des Comptes muss an totaler politescher Onofhängegkeet, an eleng am Interêt vum Steierzueler, schaffe kënnen. Dëst ass fir d’ADR déi wichtegst Viraussetzung fir eng wierksam Budgetskontroll.

D’Cour des Comptes muss och déi neideg personell a finanziell Moyene kréien, fir senger erweiderter Aufgab kënne gerecht ze ginn. Bei der Kontroll ze spuere géif heeschen un der falscher Plaz ze spueren. International Erfahrunge weisen, datt eng wierksam Kontroll ronn 8% un Aspuerungen am Staatsbudget ka bréngen. D’Argument, dat ëmmer widderholl gëtt, datt d’Cour des Comptes net iwwert d’Opportunitéit vun enger Depense ka beuerteelen, ass falsch. Et ass aus der Siicht vum Steierzueler wichteg, datt eng neutral Instanz wéi d’Cour des comptes sämtlech relevant Depensë kritesch hannerfreet a par rapport zu hirer Zweckméissegkeet duerchliicht. Ausserdeem muss sech d’Chamber jo net un d’Expertise vun der Cour des comptes halen.

Am Fall, wou d’Cour des comptes eng Depense als net ubruecht oder als iwwerflësseg kritiséiert, hunn déi demokratesch legitiméiert Instanzen – d’Chamber an d’Regierung – selbstverständlech ëmmer nach d’Méiglechkeet, fir hir Entscheedunge politesch ze iwwerdenken an hir Entscheedung fräi ze treffen. Dës Entscheedung muss jo och ëffentlech begrënnt ginn. Domadder gëtt dem Bierger an dem Steierzueler d’Geleeënheet ginn, fir sech e begrënnt Uerteel ze bilden. Dovunner kann den demokratesche System nëmme profitéieren.

D’Angscht virun der Kritik vun der Cour des comptes wäert awer dozou féieren, datt d’Opportunitéit vu verschiddene Projeten an Depensen och am Virfeld vun der Entscheedung op politeschem Niveau méi kritesch analyséiert an hannerfrot gëtt.

D’ADR wëll dëse System och op Gemengen a Gemengesyndikater ausweiden. Déi aktuell Tutelle, déi den Inneministère iwwert d’Gemengen ausübt, ass längst iwwerlieft, extrem bürokratesch an ouni erkannbaren Notzen. Eng Reform ass hei méi wéi iwwerfälleg.

D’ADR wëll dofir bei der Cour des comptes en Departement fir d’Kontroll vun de Gemengefinanze schafen, déi nom selwechte Prinzip déi a posteriori Kontroll iwwert d’Finanze vun de Gemengen ausübt. Den aktuelle Kontrolldéngscht am Inneministère gëtt deementspriechend der Cour des comptes rattachéiert. Dem Inneministère gëtt nëmmen nach de Gesamtbudget vun der Gemengen zur Approbatioun virgeluecht. Am Géigenzuch sollen d’Gemengen d’Fräiheet vun der Selbstverwaltung ouni staatlech Tutelle kréien an och innerhalb vum gesetzleche Kader kommerziell Aktivitéiten ausübe kënnen.

Op der Säit vun de Recettë vum Staatsbudget setzt sech d’ADR fir e weideren Ausbau vun der Steierverwaltung a vum Enregistrement an. Ënnert der Berécksichtegung vun alle rechtsstaatlechen a funktionalen Aspekter, souwéi vun den Interessie vum Personal, sollt iwwert eng Fusioun vun dëse Verwaltungen nogeduecht ginn.

Wéi schonn ugemierkt, wäert d’ADR alles Méigleches maachen, fir Steiererhéijungen ze vermeiden. An der aktueller Situatioun géifen se der Economie schueden an d’Kompetitivitéit vu Lëtzebuerg nach weider schwächen.

Grondsätzlech ass d’ADR géint Steiererhéijunge bei physesche Persounen a verlaangt, datt d’Steiertabell all Joers un d’Inflatioun ugepasst gëtt. D’TVA soll och net erhéicht ginn.

Déi steierlech Konkurrenz tëscht de Staaten huet dozou geféiert, datt d’Betribsbesteierung ëmmer méi erofgesat gouf, wat konsequenterweis zu enger méi staarker Belaaschtung vun de physesche Persoune geféiert huet. Dofir gesäit d’ADR eng Harmoniséierung vun der Betribsbesteierungsgrondlag als positiv un. Hei sollen d’Staaten e gewëssene Spillraum behalen.

Fir d’ADR muss d’Steierpolitik als Zil hunn, Aktivitéiten, déi scho bestinn, ze behalen, respektiv auszebauen, a besonnesch nei Aktivitéite mat méiglechst héijer Produktivitéit unzezéien.

Déi economesch Struktur vun eisem Land soll sech weider op fënnef Piliere stäipen: Finanzplaz, Industrie, Mëttelstand, Tourismus a Landwirtschaft. Jidder Pilier fuerdert eng spezifesch Analys an huet seng eegen Erausfuerderungen.

D’ADR wëll eng Steierpolitik, déi sech op dës Prinzipie baséiert:

–  Niddreg Steieren, fir datt Aarbecht a Leeschtung sech lounen

– Sozial gerecht a familljefrëndlech Steieren duerch zousätzlech Steierkreditter an Negativsteier. Déi aktuell Steierfräibeträg nëtzen deenen, déi vill verdéngen, am meeschten an deenen, déi e klengt oder mëttlert Akommes hunn, iwwerhaapt näischt oder nëmme ganz wéineg. Dat ass sozial ongerecht.

D’ADR wäert d’Steierfräibeträg a Steierkreditter ëmwandelen. E Steierkredit besteet aus engem eenheetleche Betrag fir jidder Steierzueler. Domadder ginn déi kleng a mëttler Revenuen opgebessert. D’Steierkreditter, déi vun der ADR virgeschloe ginn, si steiergerecht; d’Fräibeträg, déi nach bestinn, sinn et net.

D’Akommes vu Stéit mat Kanner (bestuet, gepacst, Allengerzéier) däerf net géigeniwwer Stéit ouni Kanner benodeelegt ginn. Déi ongerecht Reklasséierungen no Etat civil entfalen duerch d’Schafe vun engem spezifesche Steierkredit.

D’ADR schwätzt sech fir eng individuell Besteierung vun de physesche Persounen aus a wëll d’Duebelbesteierung vu Mann a Fra stoppen. Eng Individualbesteierung bedeit, datt et an Zukunft nëmmen nach eng Steierklass gëtt. Bei Stéit, déi aus zwou Persoune bestinn, wouvunner eng net schafft, gëtt dat eenzegt Akommes reng technesch fir d’Individualbesteierung halbéiert.

Praktesch kënnt fir d’éischt d’Berechnung vun der Steier, déi uschléissend ëm d’Zomm vun de Steierkreditter reduzéiert gëtt. Bei Revenuen, déi keng oder wéineg Steiere bezuelen, ginn d’Steierkreditter als Negativsteier ausbezuelt.

Soulaang dëse System net agefouert gëtt, schwätzt sech d’ADR fir eng Reform vun de Steierklassen aus. Am Abléck verléieren d’Wittfraen a –männer, gescheete Leit a Leit, déi getrennt liewen, no dräi Joer de Virdeel, no der Steierklass 2 besteiert ze ginn.

D’ADR wäert dëse System änneren. Wittfraen a –männer sollen an eng Tëscheklass agestuuft ginn.

Elengerzéiend Elterendeeler mat Kanner däerfen, esouwäit se getrennt, gescheet oder Wittfra oder Wittmann sinn, steierlech net méi schlecht behandelt gi wéi zu där Zäit , wou se bestuet waren. Datselwecht gëllt fir den Elterendeel, deen d’Suergerecht net huet, mä sengen Ënnerhaltsflichten nokënnt. Soulaang béid Elterendeeler fir den Ënnerhalt vun de Kanner opkommen, sollen se steierlech begënschtegt ginn. Datt d’Pensions alimentaires kënnen ofgesat ginn, geet net duer a profitéiert och nëmmen deenen, déi eng Steiererklärung maachen.

Soulaang Elteren, déi gescheet sinn oder getrennt liewen, fir hir Kanner opkommen, si versuergen oder Alimenter fir si bezuelen, sollen se an der Steierklass 2 bleiwen.