7. En Akommes, vun deem een uerdentlech liewe kann

D’ADR wëll, datt all déi, déi zu Lëtzebuerg schaffen, ob als Salarié oder als Independant, mat sengem Akommes en appropriéierte Liewensstandard kann erreechen an halen. D’ADR wëll sech géint all d’Moossname wieren, déi zum Kafkraftverloscht  oder, nach méi schlëmm, zur Precarisatioun vun de Leit kéinte bäidroen.

D’ADR steet ouni „Wenn und Aber“ fir dat integraalt Neesaféiere vun der automatescher Indexupassung vun de Léin, Gehälter a Pensiounen un d’Inflatioun. D’Verbesserung vun der Kompetitivitéit vun der Lëtzebuerger Economie gëtt net duerch Indexmanipulatioun oder Kafkraaftverloscht geséchert, mä ënner anerem duerch déi konsequent Bekämpfung vun der Inflatioun.

Den Index gëtt vum Fällegkeetsdatum vun der leschter Indextranche u gerechent, och wann se net vun der aktueller Regierung ausbezuelt gouf. D’Familljenzoulage gi weider indexéiert, esou datt allen Indextranchen, déi zënter de Resolutioune vun der Tripartite erfale sinn, integral Rechnung gedroe gëtt.

Weider muss eng reegelméisseg Upassung vun de Steiertabellen un d’Inflatioun zum Erhale vun der Kafkraaft bäidroen. De Mindestloun gëtt all zwee Joer un d’Lounentwécklung ugepasst.

D’ADR wäert kenger gesetzlecher Kierzung vun der Aarbechtszäit zoustëmmen. De Sozialpartner ass et awer erlaabt, sech no Verhandlungen am Kader vu Kollektivverträg op méi kuerz oder flexibel Aarbechtszäite fir e Betrib oder eng Branche ze eenegen.

Staat, Gemengen, ëffentlech Ariichtunge souwéi Sociétéiten, an deenen déi ëffentlech Hand d’Majoritéit um Kapital huet (Post, Eisebunn, Spuerkeess, Enovos, asw…), mussen duerch d’Gestalte vun hirer Präiser an Taxen aktiv un der Bekämpfung vun der Inflatioun matwierken.

Léin, déi dem héije Liewensstandard entspriechen, kënnen nëmme vun effizienten a motivéierte Mataarbechter erwirtschaft ginn. Dofir setzt d’ADR sech fir eng besser initial Aus- a Fortbildung op allen Niveauen an.

Zum Erhale vun engem héije Liewensstandard ka Lëtzebuerg sech net eenzeg an eleng op seng Finanzplaz verloossen. D’ADR wäert sech dofir asetzen, datt staatlech a privat Initiativen (Chambre de commerce, Chambre des Artisans, FEDIL, …) op eng reell Diversifizéierung vum Standuert Lëtzebuerg hischaffen, fir Entreprisen ze implantéieren , déi héichqualifizéiert an zukunftsträchteg Aarbechtsplaze schafen.

De Staat muss awer och d’Rahmebedingunge verbesseren, fir der Industrie d’Méiglechkeet ze bidden, Aarbechtsplazen zur Verfügung ze stellen, wou méi niddreg Qualifikatioune gefrot ginn.

Fir d’ADR gehéiert weider zur Stäerkung vun Standuert Lëtzebuerg d’Erhale vum soziale Fridden, eng signifikativ Verbesserung vum Schoulsystem op allen Niveauen, economesch an administrativ Reformen, wëssenschaftlech Fuerschung souwéi innovativ an zukunftsorientéiert Investitiounen.