26. Lëtzebuergesch, DÉI Sprooch fir eist Land!

D’ADR ass d’Partei, déi sech am meeschten an am stäerkste fir d’Lëtzebuerger Sprooch asetzt. Dësem Asaz ass et z eberdanken, datt déi aner Parteien et bis elo net gewot hunn, ganz op Lëtzebuergesch zugonschte vun anere Sproochen ze verzichten. Dës Orientéierung wäert d’ADR resolut weiderféieren. D’ADR wäert alles maachen, fir datt Lëtzebuergesch enseignéiert, promovéiert, weiderentwéckelt an als Sprooch iwwerall an a vollem Ëmfang unerkannt gëtt. D’ADR fuerdert, datt et muss zur Normalitéit ginn, datt een zu Lëtzebuerg Lëtzebuergesch schwätzt.

D’ADR wäert Lëtzebuergesch och konsequent als Schrëftsprooch promovéieren. Esou soll de Gebrauch vum Lëtzebuergeschen an de Verwaltunge promovéiert, d’Sprooch wëssenschaftlech weiderentwéckelt an d’Enseignéiere vun der Sprooch an de Schoule verallgemengert ginn. Instrumenter zur Erliichterung vum Gebrauch vum Lëtzebuergeschen (Coursen, Spellchecker, Berodungsstelle fir Werbeträger, asw…) sollte jidderengem zur Verfügung stoen.

D’ADR wäert sech verstäerkt dofir asetzen, datt d’Lëtzebuerger Sprooch an hirer Roll als Nationalsprooch valoriséiert gëtt. De Statut vum Lëtzebuergeschen als Nationalsprooch muss an ëmmer méi groussem Mooss an der Gesetzgebung an an der administrativer Praxis ëmgesat ginn.

Fir d’ADR ass Lëtzebuergesch d’Integratiounssprooch par excellence a garantéiert als solches de sozialen Zesummenhalt an eiser Gesellschaft. Nëmmen d’Beherrsche vun der Lëtzebuerger Sprooch erméiglecht et den auslännesche Matbierger um gesellschaftleche Liewe vun dësem Land a vollem Ëmfang deelzehuelen. Och déi berufflech Perspektiv si fir Mënschen, déi Lëtzebuergesch schwätzen, vill besser wéi fir déi aner.

D’Opfaassung, no där Franséisch d’Integratiounssprooch ass, ass net méi zäitgeméiss. Ëmmer méi Immigrante kommen aus Länner, déi net dem romanesche Sproochraum ugehéieren. Fir vill Leit ass Franséisch eng Exklusiounssprooch. Déi gemeinsam Kommunikatiounssprooch muss zu Lëtzebuerg Lëtzebuergesch sinn.

D’ADR wierdegt de Bäitrag vu ville Matbierger, Veräiner an Institutiounen, déi zum Erhalten, zur Promovéierung und zur Entwécklung vun der Lëtzebuerger Sprooch bäidroen. Dozou zielenm, ënnert anerem, déi vill Mënschen, déi Lëtzebuergesch enseignéieren, erfuerschen oder wëssenschaftlech dokumentéieren, d’Aktioun Lëtzebuergesch Eis Sprooch, den nationale Literaturzentrum, de Conseil permanent de la langue luxembourgeoise, d’Uni Lëtzebuerg, den nationale Sproocheninstitut an nach vill méi.

D’ADR verflicht sech dësen engagéierte Matbierger an Institutiounen all déi néideg Mëttel zur Verfügung ze stellen, fir datt se och hir wäertvoll Aarbecht net nëmmen erfollegräich weiderféieren, mä doriwwer eraus och kënnen ausbauen an nach weider verbesseren.

D’ADR wäert d’Lëtzebuergesch Sprooch konsequent an dynamesch a jiddfer eenzele Politikberäich erabréngen an, wann néideg, resolut verdeedegen.

Lëtzebuergesch an der Verfassung

D’ADR huet sech ëmmer dofir agesat, datt d’Lëtzebuerger Sprooch als Nationalsprooch net nëmmen an der Gesetzgebung, mä och an der Verfassung verankert gëtt. D’Bestëmmung, déi – op Drock vun der ADR – am Abléck virgesinn ass (« La langue du Luxembourg est le luxembourgeois. La loi règle l’emploi des langues luxembourgeoise, française et allemande »), ass fir d’ADR eng Minimalformuléierung. Jidder Ofweechung pder Relativéierung vun dëser Bestëmmung am Sënn vun enger Schwächung vun der Lëtzebuerger Sprooch bedeit, datt d’ADR géif e Referendum iwwert dës Fro an d’Weeër leeden.

D’ADR wäert sech fir eng nach méi staark Formuléierung asetzen, an deem Sënn, datt och eng Fërderung a Fleeg vun der Lëtzebuerger Sprooch solle Verfassungsrang erhalen.

Wichteg ass virun allem, datt d’Opnam vun der Lëtzebuerger Sprooch an d’Verfassung konkret Konsequenzen am Sënn vun enger Stäerkung vun dëser Sprooch am Alldag mat sech zitt.

Lëtzebuergesch an der Verwaltung

D’ADR wäert an der Legislaturperiod, déi elo kënnt, Moossnamen aleeden, fir op d’mannst dës Ziler z’erreechen:

  • E Gesetz, dat de Staat verflicht all déi wichteg Formulairen (Steiererklärung, Vollekszielung, Walziedelen, asw.) fir d’éischt op Lëtzebuergesch erauszeginn. Déi aner Amtsprooche Franséisch an Däitsch kënnen an ugebuedenen Iwwersetzunge benotzt ginn. Informatiounsbroschüre vun der Regierung a vun de Verwaltungen, grad esou wéi d’Formulairë fir eng Demande ze maachen, solle systematesch och op Lëtzebuergesch zur Verfügung gestallt ginn.
  • Staat a Gemenge mussen all déi offiziell Communiquéen a Matdeelunge fir d’éischt op Lëtzebuergesch erausginn. Staat a Gemengen däerfe keng Verëffentlechunge méi erausginn, an deene Sprooche benotzt ginn, déi keng Amtssprooche vum Grand-Duché sinn (z.B. Portugisesch, Spuenesch, asw.), wann do net och d’Lëtzebuergesch Sprooch op d’mannst gläichrangeg benotzt gëtt.

Et däerf kee beim Staat oder op de Gemengen agestallt ginn (och wann et sech net ëm e Beamteposten handelt), deen net fléissend Lëtzebuergesch schwätzt. Wie beim Staat, op enger Gemeng oder an enger ëffentlecher Administratioun schafft, besonnesch wann e Kontakt mam Bierger huet, muss déi dräi Sproochen (Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch) beherrschen. D’ADR besteet drop, datt déi perfekt Beherrschung vun der Lëtzebuerger Sprooch a Wuert a Schrëft eng vun den onerlässleche Viraussetzunge fir eng Astellung am ëffentlechen Déngscht bleift.

D’ADR wäert dofir suergen, datt wichteg Texter an d’Lëtzebuergescht iwwersat ginn, op der alleréischter Plaz d’Lëtzebuerger Verfassung.

Wou et Lëtzebuerger Kadaster- a Flouernimm gëtt, ginn se och offiziell benotzt. Datselwecht gëllt fir Nimm vun Uertschaften, Stroossen a Plazen, wou déi franséisch Nimm progressiv duerch déi lëtzebergesch ersat ginn. Heivu ginn Hiersteller vu Kaarten an Navigatiounssystemer systematesch a Kenntnis gesat. Déi franséisch Bezeechnunge gi fir eng Iwwergangszäit nieft de lëtzebuergesche benotzt.

De Conseil permanent de la langue luxembourgeoise an den Institut grand-ducal sollen dofir suergen, datt nei Wierder fir nei Begrëffer geschafe ginn, amplaz einfach Begrëffer aus Friemsproochen z’iwwerhuelen (wéi „Précoce“, „Maison relais“). Ministèren a Verwaltunge kréien offiziell lëtzebuergesch Bezeechnungen. Dës Bezeechnunge sollen, zesumme mat de franséischen, z.B. op de Gebaier (Schëlter), um Bréifpabéier, op den Internetsäiten an an de Telefonsbicher begraucht ginn.

Lëtzebuergesch an Europa

D’ADR setzt sech dofir an, datt kuerzfristeg de Beschloss vum Europäesche Ministerrot vum 13. Juni 2005 zum Gebrauch vun „manner benotzte Sproochen“ och fir d’Lëtzebuerger Sprooch ëmgesat gëtt. Et muss een sech kënnen op Lëtzebuergesch un europäesch Institutiounen a Verwaltunge wenden, déi dann och sollten op Lëtzebuergesch äntwere mussen. Méi laangfristeg ass dofir ze suergen, datt Lëtzebuergesch de Statut vun enger offizieller europäescher Sprooch kritt, woubäi net all d’Texter mussen an d’Lëtzebuergescht iwwersat ginn an och net bei all Reunioun e Lëtzebuerger Dolmetscher muss zur Verfügung stoen. D’Lëtzebuerger Sprooch soll allerdéngs gläichwäerteg mat anere Sprooche vu klenge Länner (wéi z.B. Malta) behandelt ginn.

Lëtzebuergesch als Konditioun fir d’Lëtzebuerger Staatsbiergerschaft ze kréien

Fir d’ADR ass d’Beherrsche vun der Lëtzebuerger Sprooch eng onerlässlech Viraussetzung fir d’Lëtzebuerger Nationalitéit ze kréien. D’ADR setzt sech weider dofir an, datt déi sproochlech Kompetenzen op d’mannst op der Héicht vun den aktuellen Ufuerderunge vum Nationalitéitegesetz bleiwen. D’ADR ass net domadder averstanen, datt Leit, déi 25 Joer am Land wunnen an nach ëmmer kee Lëtzebuergesch geléiert hunn, sech kengem Sproochenadr méi missten ënnerzéien.

De Staat soll déi néideg Moyenen um diktateschen Niveau a genuch Personal zur Verfügung stellen, fir all den auslännesche Matbewunner a Mataarbechter d’Léiere vun der Lëtzebuergesch Sprooch ze erliichteren.

D’ADR wäert de Sproochecongé („congé linguistique“) fërderen. Den Ëmfang vun dësem spezielle Congé muss kënnen individuell gestalt ginn. D’ADR besteet drop, datt dee vum Staat bezuelte Congé nëmmen däerf fir d’Léiere vun der Lëtzebuerger Sprooch zur Verfügung stoen. D’Modalitéite vum Sproochecongé ginn opgrond vun den Erfarungen, déi bis elo gemaach goufen, iwwerschafft.

Lëtzebuergesch an der Schoul

D’ADR fuerdert mat Nodrock, datt d’Lëtzebuerger Sprooch eng méi grouss Roll an der Schoul anhëlt. Schonn am „Précoce“ muss d’Léiere vun der Lëtzebuerger Sprooch duerch spilleresch Moyenen (Gesang, Theater, Geschichten) gefërdert ginn, ganz besonnesch fir Kanner mat engem anere Sproochenhannergrond, Obligatoresch Ëmgangssprooch am „Précoce“ ass Lëtzebuergesch.

Lëtzebuergesch muss am Primaire an am Secondaire en allgement Flichtfach sinn. Fächer, déi speziell mam Lëtzebuerger Ëmfeld ze dinn hunn (Instruction civique, Lëtzebuerger Geschicht, …) sollen op Lëtzebuergesch enseignéiert a gepréift ginn.

Am Secondaire gëtt Lëtzebuergesch an alle Klassen zum Flichtfach. Am Lëtzebuergeschunterrecht ginn – nieft der Sprooch, hirer Orthographie a Grammaire – och d’Lëtzebuerger Literatur a Kultur enseignéiert. Zousätzlech ka Lëtzebuergesch als Optioun fir déi Schüler ugebuede ginn, déi sech an dëser Sprooch wëlle spezialiséieren. Och sollte speziell Coursë fir déijéineg virgesi ginn, déi sech wëllen op e Lëtzebuergesch-Exame virbereeden, zum Beispill fir an den ëffentlechen Déngscht opgeholl ze ginn.

Kanner, déi am Laf vun hirer Schoulzäit op de Lëtzebuerger Schoulsystem stoussen („primo-arrivants“), solle während op d’mannst engem Schouljoer eng speziell Klass besichen, fir se op déi Lëtzebuerger Sproochevillfalt virzebereeden, mä ganz besonnesch fir se am Lëtzebuergesche fit ze maachen. Zil ass d’Integratioun vun dëse Schüler an den normale Schoulsystem, esoubal se déi noutwenneg sproochlech Ufuerderungen erfëllen.

D’ADR wäert d’Moyenen erhéichen, fir datt genuch Léierpersonal (Lëtzebuergesch-Enseignant a Lëtzebuergesch-Professer) kann ausgebilt ginn, fir op allen Niveauen d’Lëtzebuerger Sprooch a Kultur ze enseignéieren.

Lëtzebuergesch um Aarbechtsmarché

D’ADR wäert Lëtzebuergesch fir verschidde Beruffer am Privatsecteur zu enger obligatorescher Astellungsbedéngung maachen. Leit, déi net scho bei der Astellung Lëtzebuergesch kënnen, mussen no zwee Joer um nationale Sproocheninstitut e Sproochenadr maachen.

Dëst gëllt fir d’éischt fir de gesamte Gesondheets- a Fleegeberäich a fir d’Versuergung vun eelere Mënschen. Och betraff sinn d’Spillschoulen, d’Crèchen, asw. Staatlech Diplomer oder Certificate fir Babysitter, Dagesmammen asw. ginn nëmmen nach fir Leit ausgestallt, déi d’Lëtzebuerger Sprooch beherrschen.

Fir Geschäfter, Banken, asw. wäert et eng offiziell Recommandatioun ginn, datt Mataarbechter, déi kënne Kontakt zu Lëtzebuerger Clienten hunn, sollen der Lëtzebuerger Sprooch mächteg sinn. Déi éischt Kontaktsprooch, z.B. um Telefon, soll ëmmer Lëtzebuergesch sinn.

Am Géigenzuch gi Salariat (ënnert anerem duerch de Sproochecongé) a Patronat staatlech gefërdert, fir dat Zil ze erreechen.

Lëtzebuergesch am Gesondheetswiesen

Nieft de Sproochenufuerderunge fir d’Personal gëtt eng Haftflicht ageféiert. Spideeler, Klinicken an aner Akteuren am Gesondheetswiese si fir Behandlungsfeeler haftbar, déi kënnen doduercher veruersaacht ginn, datt d’Lëtzebuerger Sprooch net genügend beherrscht gëtt.

Lëtzebuergesch an der Justiz

D’ADR verlaangt, datt och am Geriichtswiese Lëtzebuergesch allgemeng benotzt gëtt. Anescht wéi déi aner Parteien, huet d’ADR an der Chamber net dem Drock aus Bréissel noginn, wou et drëms goung d’Sproochufuerderunge fir auslännesch Affekoten zu Lëtzebuerg nach weider erofzeschrauwen.

D’ADR wäert am Géigendeel dofir suergen, datt all d’Affekoten, déi zu Lëtzebuerg viru Geriicht optrieden oder Lëtzebuerger Clienten hunn, der Lëtzebuerger Sprooch mächteg sinn. D’ADR wäert dofir suergen, datt déi europäesch Verträg an deem Sënn ofgeännert ginn.

Lëtzebuergesch am Vertragswiesen

Vill Lëtzebuerger beherrschen déi franséisch Sprooch net gutt genuch fir all déi juristesch Finessen ze verstoen, déi a komplizéierte Kontrakter stinn. D’ADR schléit dowéinst vir, datt Normverträg kënne weiderhin op Franséisch sinn an datt déi franséisch Versioun och hire verbindleche Rechtscharakter behält, mä datt notariell Akten, Kafkontrakter a Baile mussen dem Client op Wonsch och op Lëtzebuergesch virgeluecht ginn.

Lëtzebuergesch als Integratiounsvecteur

D’ADR ass der Meenung, datt méiglechst allen Auslänner, wa méiglech gratis, héichwäerteg Lëtzebuergeschcoursë sollen ugebuede ginn.

Jidder Auslänner, deen nach kee Lëtzebuergesch schwätzt a sech an enger Gemeng aschreift, soll vun der Gemengenadministratioun iwwert all d’Méiglechkeeten zu deem Sujet informéiert ginn. Sollt hien et zu deem Zäitpunkt ofleenen, Lëtzebuergesch ze léieren, esou sollt hien nees ugeschriwwe ginn, fir um nächste Cours deelzehuelen.

D’ADR verlaangt eng Norméierung vun de Lëtzebuergeschcoursen, déi ugebuede ginn, a vun deenen hiren Ofschlossadrer, an dat ënnert der Opsiicht vum nationale Sproocheninstitut. Dëst soll ë. a. zu enger qualitativer Verbesserung vun de Coursen an zu enger méi einfacher Iwwerpréiwung vun de Resultater vum Congé linguistique a vun anere Sproochecoursen, déi mat Steiergelder gefërdert ginn.

Harmoniséiert an norméiert ginn och all d’Coursen, déi am Kader vum Contrat d’accueil et d’intégration virgesi sinn. D’Sproochecoursë mussen en däitlech méi héijen Niveau erreeche wéi deen Niveau A1, deen am Ament virgesinn sinn.

Lëtzebuergesch an der Kultur, op der Uni an an der Fuerschung

D’Promotioun vun eiser Sprooch fänkt domadder un, datt um Radio an op der Tëlee e korrekt Lëtzebuergesch geschwat gëtt. De Kulturministère muss déi néideg Moyene bereetstellen, fir dat Zil ze verwierklechen. Dozou gehéiert och, datt de Gebrauch vun der Lëtzebuerger Sprooch an der Werbung besser gereegelt gëtt. Zurzäit kléngen ze vill Werbetexter no schlechten an iwwerflächlechen Iwwersetzungen aus diverse Friemsproochen.

D’ADR setzt sech fir d’Grënnung vun engem qualitativ héichwäertege Tëleesprogramm fir Kanner op Lëtzebuergesch. Dëse Programm däerf ausdrécklech net aus schlechten an iwwerflächlechen Iwwersetzunge vun auslänneschen Emissioune bestoen. E sollt net kommerziell ausgeriicht sinn an e muss dofir ouni Ënnerbriechunge fir Reklammen diffuséiert ginn. Et muss besonnesch op Bäiträg mat Niveau an op déi sproochlech Qualitéit Wäert geluecht ginn.

De Labo fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft vun der Uni Lëtzebuerg muss weider ausgebaut ginn a sech ganz konkret ëm d’Erhale vum Lëtzebuergesche beméien. Dozou gehéieren och déi systematesch Opwäertung vun der Lëtzebuerger Literaturgeschicht an den Enseignement vun anere wichtege Vecteure vum nationale Kulturliewen. D’ADR besteet drop, datt dee Labo a wierklech kompetenten Hänn geluecht gëtt.

Unterrecht a Fuerschung an der Lëtzebuergistik sinn ausschliisslech vu Persounen ze leeschten, déi Lëtzebuergesch als Mammesprooch beherrschen oder iwwert fundéiert Lëtzebuergeschkenntnesser verfügen. D’Fuerschungsprojeten am Beräich vun der Lëtzebuergistik musse praxisorientéiert sinn an d’Lëtzebuerger Sprooch a Bezuch op Software-Applikatiounen op deeselwechten Niveau setze wéi aner europäesch Sproochen.

D’ADR wäert och den Enseignement vun der Lëtzebuerger Sprooch am Ausland, besonnesch an der Grenzregioun, fërderen. Sproochfuerschungsprojeten an den USA, a Rumänien (Transsilvanien) an an den Nopeschregioune ginn ënnerstëtzt.

Historesch lëtzebuergesch Bühnewierker, och Operetten, sollen nees opgeféiert ginn. Opféierungen op Lëtzebuergesch musse besser vum Kulturbudget ënnerstëtzt ginn. De Kulturministère wäert d’Gemengen dobäi ënnerstëtzen, dat lëtzebuergescht Kulturgutt och um kommunalen Niveau ze fërderen.

An enker Zesummenaarbecht mam Conseil permanent de la langue luxembourgeoise muss den nationale Sproocheninstitut sech ganz besonnesch der Lëtzebuerger Sprooch widmen, zum Beispill am Opbau vun didakteschem Material (a gedrécktener Form, op audiovisuellem Material a fir déi nei Technologien). Weider soll e speziellen Dictionnaire fir administrativ Begrëffer op Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch a gegebenefalls Englesch erauskommen.

Grondsätzlech musse verstäerkt Instrumenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch um Internet ugebuede ginn, souwuel fir d’Sprooch ze léieren, wéi och bei der Hëllef fir Iwwersetzungen oder fir d’Korrektur. D’Erstellung vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) muss duerch d’Bereetstelle vun den noutwennege Moyene virugedriwwe ginn. Datselwecht gëllt fir de Korrekturprogramm „Cortina“, dee stänneg aktualiséiert soll ginn, souwuel am Beräich vun der Lëtzebuerger Sprooch, wéi och um techneschen Niveau.

De Conseil permanent de la langue luxembourgeoise soll doriwwer eraus dës Aufgaben iwwerhuelen an dofir déi néideg Moyenen zur Verfügung gestallt kréien:

  • D’Lëtzebuerger Sprooch an alle Beräicher vum ëffentleche Liewe fërderen.
  • Hëllef ubidde fir de richtege Gebrauch vun der Lëtzebuerger Sprooch, z.B. an de Medien, an de Verwaltungen, an der Literatur.
  • Mat der Uni Lëtzebuerg Sproochfuerschung dreiwen
  • Duerchféierung vun enger Bestandopnam vun den Initiativen, déi scho bestinn an déi sech ëm d’Lëtzebuerger Sprooch beméien; dës Initiative koordinéieren a gegebenefalls zu enger besserer Qualitéit bäidroen
  • D’Hierstelle vu Bicher, Spiller a Filmer op Lëtzebuergesch muss verstäerkt gefërdert ginn. Dëst gëllt besonnesch och fir d’Iwwersetzung vun auslännesche Bicher op Lëtzebuergesch.