De geléierte Schlässer a fréieren NGL-Gewerkschaftler (NGL-President vu 1989 bis 2003) ass Grënnungsmember vun der ADR (deemools nach Aktiounskomitee 5/6). Hien sëtzt fir d’ADR als Süddeputéierten zënter 1989 onënnerbrach an der Chamber. Hien ass am Ament Präsident vun der parlamentarescher Fraktioun vun der ADR. Hie war dës weidere vun 1987 bis 1989 President vun der ADR.

Vum 1. Januar 1976 bis den 31. Dezember 1981 war hie Schäffen am Gemengerot vu Fréiseng. Vum 1. Januar 1982 bis den 25. November 2005 wier hien dunn Buergermeeschter. Den 13. Mee 2006 gouf hien zum Éierebuergermeeschter ernannt.