D’ADR bekennt sech zum Prinzip vum Bannemaart an zu de véier Fräiheeten: de fräie Wuereverkéier, de fräie Déngschtleeschtungsverkéier, de fräie Persouneverkéier an de fräie Kapitalverkéier. Dës grouss Prinzipie mussen awer encadréiert ginn, fir Abusen ze vermeiden (Sozialdumping, Sozialtourismus, Liewensmëttelskandaler).

Jo zum Euro, Nee zur Scholdenunioun

Proportional gesinn (Awunnerzuel) ass Lëtzebuerg bei wäitem dat Land, wat am Kader vun der Euro-Rettung am meeschten zu deenen ënnerschiddlechen Hëllefsmechanisme bäigedroen huet. D’ADR huet schonns 2011 fir Griicheland e fräiwëllegen Austrëtt aus der Eurozon proposéiert; en Austrëtt, dee vu konkreten a massiven Hëllefsmesurë begleet wier.

D’ADR schwätzt sech kloer fir den Euro aus, mä d’Länner aus der Eurozon mussen iwwert wirtschaftlech Kapazitéite verfügen an hir ëffentlech Finanzen esou geréieren, datt de Stabilitéits- a Wuesstemspakt respektéiert gëtt.

D’ADR ass géint eng Transfertunioun, dat heescht, datt ee Land misst fir engem anere seng Scholden matbiergen. Aus deemselwechte Grond kann d’ADR och net de Prinzip vun den Eurobonds acceptéieren.

Géint europäesch Taxen, fir méi Budgetsdisziplin

D’ADR ass fir national Mechanismen, déi gesond Staatsfinanze garantéieren, besonnesch d’Scholdebrems. D’ADR ass awer géint d‘Amësche vun den internationalen Institutiounen an d’Budgete vun de Memberstaaten, mat der Ausnam vun deene Länner, déi a grousse Schwieregkeete sinn an déi finanziell ënnerstëtzt goufen duerch déi ënnerschiddlech Mechanismen.

D’ADR ass géint d’Aféiere vun enger Tax oder Steier um europäeschen Niveau. Taxen a Steieren däerfen nëmme vun den eenzelne Memberstaate bestëmmt ginn.

D’ADR ass géint eng Erhéijung vum EU-Budget.

Fir weltwäit Handelsaccorden

D’ADR ass fir weltwäit Handelsaccorden, déi all d’Kritären, déi am Traité vu Lissabon opgezielt ginn, respektéieren, an déi och déi berechtegt wirtschaftlech a sozial Interessie vun den EU-Memberstaaten a vun hire Partner respektéieren.