De Chômage reduzéieren, de Sozialschutz erhalen

D’ADR wäert alles asetze fir um europäeschen Niveau de Chômage ze reduzéieren a gläichzäiteg de Sozialschutz ze erhalen. D’Beschäftegungsmoossname musse besser koordinéiert ginn. Nom Beispill vun de Kritären fir eng Bedeelegung un der Eurozon plädéiert d’ADR fir d’Festhale vu Mindeststandarden.

D’ADR verlaangt, datt de Bannemaart och op eng staark sozial Reglementéierung baséiert. Fir de Sozialdumping ze verhënnere plädéiert d’ADR fir eng progressiv Harmoniséierung vum Aarbechtsrecht an der EU. Et muss sech progressiv un d‘Länner mat de virdeelhaftsten Normen ugepasst ginn.

Fir d‘Aféiere vu soziale Mindestnormen

D’ADR plädéiert fir d’Aféiere vu soziale Mindestnormen (z.B. e soziale Mindestloun, e garantéierte Mindestakommes, eng obligatoresch Sozialversécherung fir jiddereen, asw). Den Niveau vun deenen Norme gëtt vun den eenzelne Memberstaate bestëmmt an un d’Wirtschaftssituatioun vum Land adaptéiert.

Géint d‘Privatiséierung vun ëffentleche Servicer

D’Decisiounen zum Bedreiwer (Privatfirma oder Staatsbetrib) vu Servicer wéi Waasser-, Gas- an Elektreschversuergung oder ëffentlechen Transport mussen nees eng direkt Kompetenz vun de Memberstaate ginn.