Lëtzebuergesch als offiziell EU-Sprooch

D’ADR verlaangt, datt d’Lëtzebuerger Sprooch als offiziell EU-Sprooch unerkannt gëtt. D’Lëtzebuerger Bierger musse sech kënnen an hirer Nationalsprooch un d’Institutiounen adresséieren, wéi dat och fir all aner Nationalsprooch an der EU de Fall ass.

Gesellschaftsfroen: eng national Kompetenz

D’ADR verlaangt, datt all déi europäesch Institutiounen, d’Europaparlament an d’Europäescht Geriichtshaff mat abegraff, sech net an d‘Gesellschaftsfroen amëschen.

Fir d’ADR muss all Land kënnen am Respekt vu sengen eegene Wäerter, Traditiounen a kulturell Wuerzelen iwwert dës Froen (Homo-Bestietnis, Euthanasie, Avortement, asw.) decidéieren.

Enseignement supérieur a Fuerschung

D’ADR wëll, datt d’Austauschprogrammer fir déi europäesch Studenten a Salariéen ausgebaut ginn.

Europa, eng Gefor fir d’Meenungsfräiheet

D’ADR bedauert, datt d’Meenungsfräiheet ëmmer méi limitéiert gëtt, virun allem am Kader vun Direktiven, déi als Zil hunn, Diskriminatiounen ze bekämpfen. D‘EU limitéiert ëmmer méi d’Grondrechter, amplaz se ze verdeedegen, a widdersetzt sech domadder ëmmer méi de Mënscherechter.