Budget: „Kee Respekt virun den nächste Generatiounen“

Dësen Artikel ass an der zweeter Editioun vum Pefferkär – Europawalen 2014 publizéiert ginn.

Enn Abrëll ass an der Chamber de Staatsbudget fir d‘Joer 2014 ugeholl ginn. D‘ADR-Deputéierten hunn d‘Regierung schaarf kritiséiert, an erkläert, firwat se géint dee Budget gestëmmt hunn.

De Gast Gibéryen ass op eng Rei Punkten zeréckkomm, déi en och schonns bei der Lag vun der Natioun ugeschwat hat. D‘Regierung géif maachen, wéi wann se géif bei sech spueren (wat mol net de Fall ass), fir da vun de Bierger ze verlaangen, datt och si Sacrificer misste bréngen.Datt den Defizit fir dëst Joer net esou héich ass wier praktesch nëmmen op d‘Recetten aus dem elektronesche Commerce an op d‘Taxe d‘abonnement zeréckzeféieren – an net op déi néideg Spuermesuren!

Der ADR no ass et inakzeptabel, datt bei den Etablissements publics gespuert gëtt ouni datt déi concernéiert Leit consultéiert ginn. D‘Regierung wëll zwar den Androck vermëttelen, datt se bei den Investitiounen a bei der Astellung vun de Staatsbeamte géif spueren, mä de Gast Gibéryen huet a senger Interventioun kloer bewisen, datt dat einfach net stëmmt.

Den ADR-Deputéierten huet der Regierung virgeworf, kee Respekt virun der Geschicht vu Lëtzebuerg ze hunn, well se refuséiert, d‘Ausstellung zum Éischte Weltkrich ze finanzéieren.

An den éischte Méint huet d‘Regierung bewisen, datt se weder fir Transparenz nach fir den Dialog ass. „Si huet och kee Respekt virun eiser Identitéit, eiser Kultur. Si huet kee Respekt virun den nächste Generatiounen“, esou de Gast Gibéryen a senger Conclusioun.

De Fernand Kartheiser huet a senger Ried erklaërt, datt d‘ADR sech zum Euro bekennt, mä net mat der aktueller Euro-Politik kann averstane sinn.

Den ADR-Deputéierten huet sech intensiv zur Familljepolitik geäussert, a méi konkret zur Mammerent, zum Kannergeld, zu den Opfaangstrukturen, a méi allgemeng zur Unerkennung vun der Erzéiungsaarbecht vun den Elteren.

Deel dëse Post: