[Chamber-Videoen] Déi wichtegst Debatte vum Land

De Gast Gibéryen huet dem Land leschten Donneschdeg, 19. Mäerz, an der Chamber e Spigel virun de Gesit gehalen. Hien huet sech an eis gefrot, wou mer wëllen histeieren a wat mer normal fannen. Dat war am Kader vun enger Berodungsdebatte an der Chamber iwwer d’Entwecklung vum Land. Fir hien ass d’weider Entwecklung vum Land déi wichtegst Fro, därer ee sech onbedengt stelle muss. Well et geet em en dacks strapazéierte Begrëff, deen awer net dacks an aller Konsequenz duerchdiskutéiert gëtt, d’Nohaltegkeet.

De Gast Gibéryen analyséiert d’Entwecklung vum Land an deene leschten 30 Joer a fënnt beileiwen net nëmmen negativ Säiten dorun. Mä da kuckt den ADR-Deputéirten d’Lëtzebuerger Realitéit 2015, no 30 fette Joeren. An do ass hie vill manner optimistesch. Ouni e Wiessel vun der politescher Mentalitéit an ouni en Emdenken am Land gesäit de Gast Gibéryen grouss Problemer op eis duerkommen an aus Angscht stecht d’Gesellschaft de Kapp an de Sand.

Dat gëllt haut schon beim Lëtzebuerger Pensiounssystem, an et gëllt grad esou, wann et heescht, ëmmer méi Betrieber an d’Land ze huelen. Dofir gesäit de Gast Gibéryen grouss Problemer op d’Land zoukommen an hie fuerdert vun der Politik an der Gesellschaft e generellt Emdenken. Ouni dat, sollt ee matengem neien Ulaf fir d’Landesplanung net ufänken.

Et ass dat eng Thematik, déi och um Nationalkongress vun der Partei ugeklongen ass. Hei dem Gast Gibéryen seng Ried virun de Memberen, den 22. Mäerz zu Gilsdref. Niewt der eigentlecher Debatte, deelt de Gast hei och nach aus … no lénks a no riets. Mä déi Gréng an hier Widdersprëch hunn hie besonnesch op d’héigt Päerd bruet. Et ass sëcher eng onkamoud Debatte, awer et wär geféierlech, wa keen de Courage hätt, se ze féieren. D’ADR huet se op alle Fall lancéiert.

Deel dëse Post: