[Chambervideo Roy Reding] D’ADR kritiséiert de Referendum schaarf

22. Sessioun: Dënschdes, de 24. Februar: An der Diskussioun iwwer d’Gesetz fir de Referendum vum 7. Juni (PL 6738) ass de Roy Reding extrem kritesch mat de Pläng vun der Regierung. Eng Reform vun der Verfassung ass „keng liicht Saach“, an dat wär och gutt esou. Da kritiséiert déi Tricker, mat deenen d’Lénksregierung géing probéieren, d’Verfassung ze änneren, ouni dofir eng Majoritéit ze hunn.

Och déi dräi Froe vum Referendum wären onnéideg: Well bei de leschten Nationalwalen hätten d’Parteien an hire Programmer schonn dorop geäntwert an d’Meenung vum Wieler fir hier Positioune kritt. Mä vill aner wichteg an intressant Froe wären ausgeklamert ginn.

De Roy Reding annoncéiert och, dass den ADR-Memberen um Nationalkongress, den 22. Mäerz, proposéiert gëtt, als Partei dräimol Nee op d’Referendumsfroen ze äntweren.

Deel dëse Post: