D’ADR um zweete Sommet vun de konservative Parteie vertrueden

Den 20. Mäerz war den zweete Sommet vun der AECR, der Allianz vun den Europäesche Konservativen a Reformisten. D’ADR, déi zënter 2010 Member an der AECR ass, war duerch den Nationalpresident Jean Schoos an d’Generalsekretärin Liliana Miranda vertrueden.

Diskutéiert gouf ënenrt anerem iwwert eng Reform vun der EU, sief et um institutionnellen ewéi um wirtschaftlechen Niveau, Energiepolitik, den EU-Budget, d’Finanzkris an eng Rei international Dossieren. D’AECR huet och zu deene Sujeten ëffentlech Stellung geholl.  [Hei uklicken, fir de Communiqué ze liesen]

Nom Sommet hunn de britesche Premierminister David Cameron, den ADR-Nationalpresident Jean Schoos an d’ADR-Generalsekretärin Liliana Miranda iwwert d’Europawalen diskutéiert.

Den ADR-Deputéierte Roy Reding war och present, an dëst a senger Funktioun als Tresorier / Compliance Officer vun der AECR.

no images were found

Deel dëse Post: