Däitsch Veräiner sollen ons Souveränitéit respektéieren

Den „Deutscher Verein in Luxemburg“, deen däitsch Awunner regroupéiert déi hei zu Lëtzebuerg wunnen, huet sech der Plattform „Minté“ ugeschloss. Dës Plattform mécht Propaganda fir de Jo zum Auslännerwalrecht beim Referendum vum 7. Juni. Och iwwert d’Internetsäit vum Deutscher Verein in Luxemburg gëtt d’Propaganda vun der Plattform Migration verbreet.

Grondsätzlech muss ee festhalen, datt et bei dëser Fro ëm d’Souveränitéit vum Land geet. Dobäi sollen auslännesch Veräiner sech eraus halen.

Dëst huet de Fernand Kartheiser, an engem oppenem Bréif, senger Exzellenz der däitscher Botschafterin zu Lëtzebuerg matgedeelt.

Grondsätzlech sollen all auslännesch Veräiner sech an dëser Fro zréck halen. Et däerf awer hei d’Bemierkung erlaabt sinn, datt op Grond vun der Geschicht aus dem 20. Joerhonnert, ons däitsch Nopere mat esou Froe ganz besonnesch Sensibel missten ëmgoen.

Deel dëse Post: