De Juncker-Zickzack mat den Eurobonds

Dësen Artikel ass an der zweeter Editioun vum Pefferkär – Europawalen 2014 publizéiert ginn.

Wann ee scho Kandidat ass fir e wichtege Posten ewéi dee vu President vun der Europäescher Commissioun, da misst een eigentlech och eng kloer Visioun hunn, wéi et soll mat der EU weidergoen. Am Fall vum fréiere Lëtzebuerger Premier misst awer d‘Fro gestallt ginn, wéi dacks en nach virhuet seng Meenung zu den Eurobonds ze änneren! Deen een Dag ass en dofir, deen aneren ass en dogéint. An iergendwéi bréngt de Spëtzekandidat vun der Europäescher Vollekspartei et fäerdeg, de Wieler – deem hien sech jo bekanntlech mol net stellt – esou duercherneenzebréngen, datt séier vergiess gëtt, wéi geféierlech d‘Aféierung vun deenen Eurobonds wier.

Ëm wat geet et? Eurobonds sinn eng Aart Staatsemprunt . D‘Memberstaate vun der EU géife gemeinsam Scholden ophuelen, fir déi se och géife solidaresch haften. An anere Wierder: Lëtzebuerg muss mat haften, wann aner Länner hir Scholden net méi kënnen zeréckbezuelen. D‘Konzept ass net nei, mä kënnt besonnesch zënter der Finanzkris ëmmer erëm op den Dësch.

An dat hu mir dem fréiere President vum Eurogrupp ze verdanken, dee kee aneren ass ewéi de Jean-Claude Juncker! Matzen an der Finanzkris huet hien sech fir d‘Eurobonds staark gemaach mam Argument, d‘EU bräicht einfach méi Suen.

Et koum allerdéngs anescht ewéi geplangt. E puer Joer méi spéit wëllt deeselwechte Jean-Claude Juncker President vun der EU-Commissioun ginn, mä ouni d‘Ënnerstëtzung vu senger gudder Frëndin Angela Merkel hätt hien et mol net bis zum Spëtzekandidat vun der Europäescher Vollekspartei gepackt. A well déi däitsch Schwësterpartei vun der CSV géint d‘Eurobonds ass, huet och de Jean-Claude Juncker misste seng Meenung änneren. Um CDU-Kongress zu Berlin huet e missten offiziell deklaréieren, datt hien, deen ëmmer fir d‘Eurobonds war, elo dogéint ass. Zu wat verschidde Leit bereet sinn, fir esou e Posten ze kréien! Am Fall, wou de Jean-Claude Juncker Commissiounspresident gëtt, ass et elo scho kloer, datt en dann ze maachen huet, wat déi däitsch Kanzlerin him virschreift.

D‘ADR ass a war schonn ëmmer géint de Prinzip vun den Eurobonds, dee souwisou géint d‘Traitéë verstéisst. Dofir ass d‘ADR ënnert anerem och géint en europäeschen Zentralstaat a fir en Europa vun den Natiounen. D‘Memberstaate musse fir déi Scholden, déi si maachen, verantwortlech sinn. Eng Konsequenz vun engem europäeschen Zentralstaat wier, datt d‘EU kéint Scholden ophuelen, fir déi déi eenzel Memberstaate misste riicht stoen. Dofir ass d‘ADR fir manner Europa a méi Lëtzebuerg!

Deel dëse Post: