Den Tëppelchen op den i

Tëppelchen

Mat verschidde gesellschafts-politeschen Theme kann ech mech net méi identifizéieren an dëser C-Partei“

Marie-Josée Frank (CSV) zu de Grënn, firwat si net méi mat an d‘Wale geet. (RTL Radio Lëtzebuerg, 22/08/2013)

Sou ass dat awer am CSV-Staat. All Joer, wann d’Chambersessioun rëm ufänkt, trëppelt d’CSV-Fraktioun an d’Mass, fir d’Erleuchtung vum Hellege Geescht unzeruffen an da kommen se an d’Wort, fir datt jiddferee gesäit, datt se den C héichhalen. Mee déi chrëschtlech Prinzipie sinn hinne wurscht. Dat war sou bei der Euthanasie-Debatt, wou se Krokodilstréine gekrasch hunn, obschonn si et an der Hand haten, fir d’Gesetz ze verhënneren, an et war och esou beim Gesetz iwwer d’Ofdreiwung.

Wéi steet scho méi an der Bibel: „Hütet euch vor den Pharisäern und ihrer Scheinheiligkeit, die sich wie eine ansteckende Krankheit ausbreitet“. Kee Wonner, datt schon déi zweet Infirmière vun der CSV sech ewechmécht.

Deel dëse Post: