Den Tram féiert riicht an de Chaos!

Dësen Artikel ass an der drëtter Editioun vum Pefferkär – Chamberwalen 2013 publizéiert ginn.

D‘ADR ass déi eenzeg Partei an der Chamber an am Gemengerot an der Stad, déi sech konsequent géint den Tram an der Stad asetzt. Vill Bierger deelen dës Meenung: keen Tram duerch d‘Stad! Am Kader vun enger ëffentlecher Konsultatioun – déi vun offizieller Säit nëmmen de Minimum u Publizitéit krut – bestätegt eng Etude vun zwee Ingenieursbureauen, datt de Bau vum Tram nëmmen eppes erreecht: den absolute Chaos an der Stad!

Den Tram bréngt Verschlechterunge fir jiddereen, ugefaange bei de Benotzer vum ëffentlechen Transport. Den Tram brauch méi Zäit vun der Gare op de Kierchbierg wéi de Bus, a fiert manner oft. Well um Parcours vum Tram keng Busser däerfe fueren, muss ee vu Quartier zu Quartier vill méi dacks ëmklammen.

Kommen haut all Schüler mat engem direkte Bus an hire Lycée, esou mussen se an Zukunft, fir op de Lampertsbierg ze kommen, mam Tram bis op de Glacis an da weider mat enger Busnavette an hir Schoul. Dat heescht, op d‘mannst zwee Mol ëmklammen!

Passagéier, déi mat engem Regionalbus an d‘Stad kommen, mussen op der éischter Halt vum Tram ëmklammen, fir duerno eventuell eng zweete Kéier mussen op e Stater Bus ze waarden.

Benotzer vum Individualverkéier kréien et och méi schwéier, net nëmmen d‘Vëlosfuerer, déi risquéieren an de Schinnen hänkenzebleiwen. D‘Etude vun den Ingenieursbureauen hält op d‘mannst eng hallef Dose wichteg Kräizunge fest, déi ënnert dem Verkéierschaos zesummebrieche wäerten. Net ze schwätze vun de Kniet am Trafic während der laanger Phase vum Chantier.

D‘Regierung riet och d‘Käschte kleng: nëmmen 350 Milliounen Euro soll den Tram mat de Schinnen, de Ween an dem Tramsschapp kaschten! Dobäi gi fir déi puer honnert Meter tëschent dem Pafendall an dem Kierchbierg mat zwee Shuttlen 100 Milliounen ageplangt!

D‘ADR ass sech sécher, datt de ganze Projet Tram, mam Shuttle an der Verstäerkung vun de Brécken, no bei eng Milliard wäert kaschten.

All Stëmm fir d‘CSV, d‘LSAP, d‘DP oder déi Gréng ass eng Stëmm fir den Tram! Hëlleft dës gréisste Feelinvestitioun vum Joerhonnert ze verhënneren: wielt ADR!

Deel dëse Post: