Dofir NEEN zum Auslännerwalrecht

Dësen Artikel ass an der véierter Editioun vum Pefferkär – Chamberwalen 2013 publizéiert ginn.

D‘ADR seet kategoresch NEEN zum Walrecht fir Auslänner bei de Chamberwalen. D‘ADR ass averstanen, datt Auslänner däerfe bei de kommunale Walen a bei der Wiel fir d‘Europaparlament partizipéieren. Dëst geet awer net bei de Chamberwalen, a mir soe firwat!

  • De Wieler ass souverän, et gëtt keng Natioun ouni Souveränitéit.
  • A praktesch kengem Land op der Welt ass d‘Walrecht fir d‘nationaalt Parlament fir Auslänner op.
  • An den europäeschen Traitéë gëtt festgehalen, datt Funktioune beim Staat, déi un d‘Souveränitéit gebonne sinn, fir déi national Bierger reservéiert bleiwen.
  • Matbierger, déi d‘Lëtzebuerger Nationalitéit net haten, déi awer hei hir Plaz fonnt hunn, däerfe Lëtzebuerger ginn. Mat der duebeler Nationalitéit mussen se net mol op hir Wuerzele verzichten.
  • Fir Lëtzebuerger ze ginn, muss ee Lëtzebuergesch kënnen. Dëst muss een och fir an der Politik matzelauschteren a matzeschwätzen.
  • D‘Lëtzebuerger Sprooch ass dat wichtegst Element fir eng reusséiert Integratioun.
  • Wann Net-Lëtzebuerger och däerfe fir d‘Chamber wielen, wéi eng Grënn hätten se dann nach fir Lëtzebuerger ze ginn ?
  • Wann Net-Lëtzebuerger däerfe fir d‘Chamber wielen, mussen och all d‘Posten an der Fonction publique fir si opgemaach ginn – an do ass d‘ADR dergéint.

Aus all dëse Grënn verlaangt d‘ADR, datt d‘Walrecht fir d‘Chamber de Lëtzebuerger reservéiert bleift an datt dat an der Verfassung verankert bleift! Et kann net sinn, wéi d‘CSV et proposéiert huet,   nämlech d‘Constitutioun esou ze änneren, datt an Zukunft d‘Chamber iwwert e Gesetz d‘Auslännerwalrecht kann aféieren. Eng Partei, déi géint d‘Auslännerwalrecht fir d‘Chamber ass, muss wéi d‘ADR drop halen, datt dëst an der Verfassung verankert bleift.

Deel dëse Post: