En neien Ufank?

Dësen Artikel ass an der zweeter Editioun vum Pefferkär – Chamberwalen 2013 publizéiert ginn.

Den 20. Oktober gëtt d’Chamber nei gewielt. D’CSV-LSAP-Koalitioun ass net nëmme wéinst de schwéieren Dysfonctionnementer am SREL ausernee gebrach. Si war virun allem um Enn, well et kee Konsens méi driwwer ginn huet, wéi eist Land an dëse schwéieren Zäite sollt weiderregéiert ginn.

Net fir näischt gëtt vun engem Neiufank geschwat. Lëtzebuerg ass et an deene leschte Joerzéngte finanziell gutt gaangen. Déi verschidde Regierunge sinn am Geld geschwommen. Si hätten all Méiglechkeete gehat, fir eist klengt an duerfir fragilt Land op stabil a sécher Féiss ze stellen. Dat ass net geschitt! Munech Ministeren hu gemengt, si missten sech op Staatskäschten en Denkmal opriichten. D’Geld ass mat der Schëpp zur Fënster erausgehäit ginn, wéi wann et éiweg sou géif weidergoen. Just de CONTRAIRE VUM SÉCHERE WEE! Nach ni ass d’Vollek mat engem Slogan wéi deem vum „séchere Wee“ sou hannert d’Liicht gefouert ginn.

Haut sinn d’Keesen net nëmmen eidel, mä eis Staatsschold klëmmt an engem beängschtegenden Tempo. Amplaz de Budget, wéi ugekënnegt, bis 2014 am Gläichgewiicht ze hunn, ass den Defizit weider gewuess. Alles sollt bis no de Wale vun 2014 opgeschuppt ginn. Domat huet dës CSV-LSAP-Regierung gewisen, datt si a gudden Zäiten zwar Cadeaue verdeele kann, awer a Krisenzäiten absolut onkapabel ass, d’Land responsabel ze féieren.

Den 20. Oktober soll de Wieler entscheeden, wéi et weidergeet. Vill Leit mengen, et géif sech dach net vill änneren. Politikverdrossenheet a Resignatioun hu sech breet gemaach.

Sou eng Haltung géif awer d’Chance op en neien Ufank muttwëlles verspillen. D‘Regierungsparteien hunn d’Vertraue verspillt an déi rout Kaart verdéngt. D’DP huet an der Vergaangenheet bewisen, datt si net besser ass, an déi Gréng kënne scho guer net mat Geld ëmgoen.

D’ADR huet hir Buedemstännegkeet an der Vergaangenheet bewisen. Si huet ëmmer dann hire Mann gestallt, wann et drëm gaangen ass, fir d’Geldverschwendung beim Staat ze stoppen. Si ass dacks géint de Stroum geschwommen an ass duerfir och elo kapabel, Verantwortung ze iwwerhuelen.

En neien Ufank? – Nëmme mat enger staarker ADR an der Chamber!

Deel dëse Post: