Eng Lanz fir eis Baueren a Wënzer!

Dësen Artikel ass an der éischter Editioun vum Pefferkär – Chamberwalen 2013 publizéiert ginn.

Déi gutt Zäite sinn eriwwer. Leider sinn si net genotzt ginn, fir eis Economie op zolidd Féiss ze stellen. Dat betrëfft och eis Landwirtschaft, déi eng enorm wichteg Roll an der Liewensmëttelversuergung, der Energieproduktioun an der Landschaftsgestaltung spillt.

Ënner der Verantwortung vun CSV-Ministeren ass an de CEPAL-Ariichtunge ganz vill Steiergeld verbrannt ginn, mat deem een e staarken a villsäitegen Agrarsecteur mat Fuerschung an Entwécklung hätt kënnen opbauen.

Lëtzebuerg importéiert fir gewalteg Zomme Liewensmëttel, déi deelweis hei am Land kéinte produzéiert ginn. Dat géif Aarbechtsplaze schafen an eis Handelsbilanz verbesseren.

Eis Bauerebetriber hunn déi lescht Jore grouss Efforte gemaach. Si sinn onheemlech séier gewuess. Si hunn enorm Zommen investéiert. Hiert Akommes entsprécht awer bei wäitem nët deenen Efforten an hire villen Iwwerstonnen.

Amplaz si bei hirer schwéierer Aarbecht ze ënnerstëtzen, ginn si duerch eng ëmmer méi schlëmm Bürokratie schikanéiert a kréien all méiglech Steng an de Wee getesselt. Kee Wonner, datt vill Jonker hiren Heemechtsbetrib net wëlle weiderféieren an d’Bauerestierwe weidergeet.

Duerfir ass et absolut noutwendeg:

• Datt den Agrarsecteur e gréissert Gewiicht an der nationaler Politik kritt!

• Datt déi aktuell Bäihëllefen (a besonnesch d’Indemnité compensatoire) voll erhale bleiwen!

• Datt déi europäesch a staatlech Bürokratie stramm reduzéiert gëtt!

• Datt eis Verwaltungen eng PRO-landwirtschaftlech Attitude anhuelen!

• Datt déi landwirtschaftlech Produktiounsflächen och geschützt ginn!

• Datt d’Iwwerhuele vum Betrib proaktiv begleet an erliichtert gëtt!

• Datt den neie Lycée agricole endlech gebaut gëtt!

D’ADR, déi an der Vergaangenheet fir besser Pensiounen an der Landwirtschaft gesuergt huet, wäert sech och an Zukunft fir eis Baueren- a Wënzerbetriber staark maachen. Si ass déi Partei, déi déi meescht Baueren op hire Lëschten huet, an där hiert Häerz weider fir d’Baueren a Wënzer schléit.

Deel dëse Post: