Finanzkompetenz ass eppes aneschtes

Dësen Artikel ass an der drëtter Editioun vum Pefferkär – Chamberwalen 2013 publizéiert ginn.

Déi extrem ugespaant finanziell Situatioun vun eisem Staat spillt bei dëse Walen eng grouss Roll. Et ass ze erwaarden, datt d’CSV duerfir och dës Kéier mat der „Finanzkompetenz“ vun den Häre Juncker a Frieden wäert optrompe fir Stëmmen ze fänken.

Duerfir muss d’Fro gestallt ginn, wéi et da mat där Finanzkompetenz ausgesäit.

Mir wëssen all, datt Lëtzebuerg iwwer laang Joren am Geld geschwommen ass. Trotz engem enorme Budgetswuesstem ware regelméisseg gigantesch Iwwerschëss ze verzeechnen. Dat war haaptsächlech op eis Bankeplaz zeréckzeféieren, déi floréiert huet.

Jidderee wosst, datt dat net éiweg esou géif weidergoen. Och d’Finanzspezialiste vun der CSV. An trotzdem sinn si hirer „Fürsorgepflicht“ fir de Staat net gerecht ginn. Si hunn et iwwer all déi Joren net fäerdegbruecht, dat enorm vill Geld gutt ze verwalten, richteg an d’Zukunft ze investéieren a gläichzäiteg Reserven unzeleeë fir schwéier Zäiten. Vu Finanzkompetenz keng Spuer!

Dat war an de sougenannte Boom-Joren. Du koum 2008 déi grouss Finanzkris, déi och Lëtzebuerg haart erwëscht huet. Dat huet d’Finanzspezialiste vun der CSV net dru gehënnert, fir virun de Wale vun 2009 nach ganz deier Cadeauen op Käschte vum Staat auszedeelen. „Finanzkompetenz“ ass eppes aneschtes.

No de Walen hu Juncker a Frieden grouss ugekënnegt, si géifen d‘Finanze schrëttweis rëm an d’Gläichgewiicht bréngen, an 2014 en ausgeglachene Budget presentéieren. Haut si mer méi wäit wéi jeemools vun dësem Zil ewech; duerch d‘Zougeständnisser vun den Häre Juncker a Frieden um internationale Plang riskéiere mer 2015 bal zwou Milliarden Euro (80 Milliarde Lëtzebuerger Frang!) Defizit ze maachen. Ënner Finanzkompetenz hat d’ADR sech eppes aneschtes virgestallt.

Léif Wielerinnen a Wieler!

Déi dräi traditionell Parteien hunn a gudde Joren d’Geld dropgemaach a sinn och a schwéieren Zäiten net capabel, verstänneg ze spueren. Si sinn am Gaang, d’Zukunft vun eise Kanner a Kandskanner futtizemaachen. Duerfir hunn si d’Rout Kaart verdéngt. Weist hinnen se! Wielt duerfir ADR!

Deel dëse Post: