Hurra, mir retten d’Welt

Dësen Artikel ass an der drëtter Editioun vum Pefferkär – Chamberwalen 2013 publizéiert ginn.

Felicitatiounen Här Juncker, mat Ärer Hëllef ass Lëtzebuerg Welt-meeschter! Enn 2011, wéi et drëms gaangen ass, wéinst der Finanzkris, d‘Mëttele vun der Weltbank erop-zesetzen, huet de Jean-Claude Juncker (et ass ee jo net fir näischt Gouverneur beim FMI) de Fanger am héchsten an d‘Luucht gehuewen.

Lëtzebuerg rett de Globus, an all Lëtzebuerger léint der Weltbank iwwer 4.000 Euro. Déi arem Noperen aus der Belsch kënnen nëmmen 912 Euro op de Kapp bezuelen, déi aus Däitschland 507 Euro an déi aus Frankräich 482 Euro. Op dem séchere Wee vun der CSV, beim Klamme vun de Staatsscholden, kënnt et op 2 Milliarden Euro och net méi un, oder? D’ADR géif sech trotzdem freeën, wann an Zukunft de Verstand bei internationale Verflichtunge géif matspillen!

Lëtzebuerg ass net nëmme Weltmeeschter, mir sinn esouguer Weltmeeschter „hors catégorie“! Am Fall vum Prêt vun 150 Milliarden Euro un den FMI muss all Lëtzebuerger de stolze Bäitrag vu 4.024,70 Euro op den Dësch leeën, oder méi wéi 16.000 Euro bei enger Famill mat 2 Kanner. No eis kënnt ganz laang keen. Bei den 13 Länner aus der Eurozon, déi beim Prêt matmaachen, läit den Duerchschnëtt pro Kapp bei 493,08 Euro. Lëtzebuerg ass 8 Mol besser wéi den Duerchschnëttseuropäer, ass dat dann näischt ?

Europameeschter

An der Disziplin, dem Steierzueler säi Geld asetze fir d‘Finanzkris ze meeschteren, ass Lëtzebuerg och Europameeschter. De Spiegel, Nummer 39 vum 21. September vun dësem Joer, bréngt et op de Punkt: „Demnach zahlte jeder Deutsche im vergangenen Jahr 264,80 Euro an den ESM. Die Luxemburger entrichteten pro Kopf 373 Euro, (…).“

De Bäitrag vun engem Lëtzebuerger an den ESM ass also ronn 40% méi héich wéi dee vun den Däitschen! Lëtzebuerg participéiert Cash mat net manner wéi 200,3 Milliounen Euo am ESM, an ass am ganzen eng Verflichtung vun 1,75 Milliarden Euro fir eleng dëse Präbbeli agaangen! Géif Lëtzebuerg am selwechte Mooss wéi Däitschland an den ESM abezuelen, wär eisen direkte Bäitrag ronn 143 Milliounen Euro (also 52 Milliounen Euro

manner!), an eisen Undeel um Stammkapital 1,25 Milliarden Euro, eng hallef Milliard manner!

Lëtzebuerg ass «pro Kapp» Europa- oder Weltmeeschter a villen Disziplinnen, vun der Hëllef fir d‘Cooperatioun iwwert d’Zuel vun Asylanten, Zaldoten am internationalen Asaz, Kyoto-Bäitrag fir den CO2 erofzesetzen, a villes méi.

D’ADR freet: wie rett Lëtzebuerg? Ouni den Iwwerschoss vun der Pensiounskees wär Lëtzebuerg mat sengem Staatsdefizit vun iwwert enger Milliard Euro d‘Joer um séchere Wee aus de Maastricht-Kritären erauszefalen. Wéi esou eng Rettung ausgesäit kann een a Griicheland, Spuenien oder Portugal nofroen.

International Solidaritéit mat Verstand

Och d’ADR steet zur internationaler Solidaritéit, verlaangt awer vun der nächster Regierung, datt dëst mat Verstand muss geschéien. Als Moossstaf fir eis Hëllef a Rettungsschiermer an aner Solidaritéitsmoossname mussen d’Bäiträg vun eisen Nopeschstaaten oder den Duerchschnëtt vun de Länner aus der Eurozon pro Kapp vun der Bevëlkerung gëllen! Och dat wier e wichtege Bäitrag fir d‘Depensë vum Staat erofzesetzen an de Budgetsequiliber ze erreechen, ouni d‘Steieren an d‘Staatsschold an d‘Luucht ze dreiwen.

Deel dëse Post: