Jo zu Europa, awer net géint Lëtzebuerger Interêten!

Dësen Artikel ass an der éischter Editioun vum Pefferkär – Chamberwalen 2013 publizéiert ginn.

Déi virgezunne Walen hunn als positiven Nieweneffekt, datt d’Chamber- an d‘Europawalen endlech zäitlech getrennt ginn, esou wéi et d’ADR jorelaang verlaangt huet! Et ass nämlech wichteg, datt et endlech zu enger reeller Debatt iwwert d’EU an iwwert d’Roll vu Lëtzebuerg an der EU kënnt. Och wann dëst virun allem d’nächst Joer wäert de Fall sinn, esou ass et noutwenneg, och bei de Chamberwalen déi europäesch Dimensioun net komplett aus den Aen ze verléieren. Eng Rei rezent Beispiller weisen och wisou:

• Um EU-Geriichtshaff ass decidéiert ginn, datt d’Kanner vun de Frontalieren och Recht op eng Studentebourse hunn. De Staat muss elo pro Joer net méi 90 Milliounen Euro an deem Beräich ausginn, mä 200 Milliounen! Wier d’Gesetz, wat vum CSV-Héichschoulminister ausgeschafft gouf, net esou schlecht gewiescht, wier et net zu där Decisioun (an zu där zousätzlecher Belaaschtung fir de Staatsbudget) komm!

• Vun 2015 u muss de Staat zu engem groussen Deel op d’Recetten aus dem elektronesche Commerce verzichten. Dat sinn iwwer 800 Milliounen Euro d’Joer! Et wier net dozou komm, wann de Jean-Claude Juncker um europäeschen Niveau déi Lëtzebuerger Interêten esou vertratt hätt, wéi et sech fir e Staatsminister gehéiert! Vu datt bei Steierfroen eng Unanimitéit erfuerdert ass, hätt hien onbedéngt misse säi Veto aleeën. Mä wann ee gläichzäiteg Premierminister a President vun der Eurogrupp ass, da fält dat schwéier.

• Och am Dossier Bankgeheimnis huet d’Lëtzebuerger Regierung eendäiteg géint d’Interête vu Lëtzebuerg gehandelt. An och dës desastréis Kettereaktioun, zënter dem Sommet vu Feira am Joer 2000, ass ënnert anerem drop zréckzeféieren, datt Lëtzebuerg vun engem Hobbystaatsminister gefouert gëtt. Jorelaang war de Premierminister méi domadder beschäftegt, an d’Ausland ze reesen an als Invité an däitsche Sendunge Floskelen ze zielen, wéi no der gravéierender Situatioun am eegene Land ze kucken.

D‘ADR ass fir Europa, awer fir en anert Europa: en Europa vun den Natiounen, wou d‘Souveränitéit vun den eenzele Memberstaate voll respektéiert gëtt, an en Europa wou sozial Mindestnorme respektéiert ginn.

Deel dëse Post: