Lëtzebuergesch, wann ech gelift!

Dësen Artikel ass an der zweeter Editioun vum Pefferkär – Chamberwalen 2013 publizéiert ginn.

Wéi sollen an engem Land, an deem bal 50 Prozent Auslänner wunnen, all Leit gutt zesumme liewen, léieren a schaffen? D’ADR ass der Meenung, datt eng gemeinsam Sprooch dobäi dat wichtegst Element ass. Dat ka fir Lëtzebuerg nëmmen d’Lëtzebuerger Sprooch sinn.

D’Sprooch ass dee beschte Wee fir eng erfollegräich Integratioun. Wien eis Sprooch versteet a schwätzt, versteet wat am Land geschitt a kann och ouni Problem matschwätzen. Et heescht jo net fir näischt, datt d’Sprooch verbënnt.

Duerfir ass d’ADR och derfir, datt d’Kanner, déi vu baussen an d’Lëtzebuerger Schoule kommen, solle fir d‘éischt Lëtzebuergesch léieren, éier se an eng normal Schoulklass opgeholl ginn. Fir d’ADR ass dat eng elementar Viraussetzung fir en optimalen Unterrecht fir all Kanner.

D’ADR ass och derfir, datt déi auslännesch Matbierger(innen) sollen déi beschtméiglech Konditiounen ugebuede kréien, fir Lëtzebuergesch ze léieren. Dozou gehéieren de Congé linguistique a genuch Coursen resp. qualifizéiert Léierpersonal.
Am Gesondheetssecteur, an de Spideeler, an den Alters- a Fleegeheemer, awer och an de Crèchë muss et zur Konditioun gemaach ginn, Lëtzebuergesch ze léieren, fir eng Plaz ze kréien. Et däerf net sinn, datt besonnesch eeler Leit a Kanner sech vis-à-vis vum betreffende Personal net richteg ausdrécke kënnen an doduerch Schued erleiden.

D’ADR ass duerfir dergéint, datt déi sproochlech Ufuerderungen, fir déi Lëtzebuerger Nationalitéit ze kréien, sollen erofgesat ginn. Et muss och méi Wäert drop geluecht ginn, datt op Radio an Televisioun e korrekt Lëtzebuergesch geschwat gëtt.

D’ADR ass déi eenzeg Partei, déi sech zanter Jore fir d’Aschreiwe vun der Lëtzebuerger Sprooch an eis Verfassung asetzt. Fir eis ass dat en Zeeche vun eiser nationaler Souveränitéit a vun der Eenheet vun eisem Staat.

Mir stinn zu eiser Villsproochegkeet, déi fir eis eng Selbstverständlechkeet an e Virdeel duerstellt. Awer d’Lëtzebuerger Sprooch muss den Zement sinn, deen all Leit an eisem Land zesummenhält, egal vu wou se hierkommen.

Deel dëse Post: