manner Europa , méi Lëtzebuerg

Dësen Artikel ass an der zweeter Editioun vum Pefferkär – Europawalen 2014 publizéiert ginn.

Europa gëtt ëmmer méi grouss, a mëscht sech ëmmer méi an de Bierger hiert Liewen an. Lëtzebuerg, wa mer net all gutt oppassen, risquéiert an dësem groussen Ensemble all Bedeitung ze verléieren. Eis Sprooch gëtt net an den europäeschen Institutioune benotzt, dorunner sinn och eis eege Regierunge schold. Eis economesch Basis gëtt a Fro gestallt, an eis Regierunge fäerte fir sech ze wieren. D‘Lëtzebuerger bezuelen, pro Kapp, bei wäitem am meeschten an d‘europäesch Keesen a Rettungsschiermer, an awer wëllt d‘Bréisseler Kommissioun eis virschreiwen, wéi mer mam Budget, mam Index a mat eise Pensioune sollen ëmgoen.

Bei all Vergréisserung a bei all Europawale gëtt d‘Europäesch Unioun duergestallt, wéi wann se all Problemer géif léisen! Fir d‘Wale vum Mee 2014 wäerten all Parteien, déi Lëtzebuerg bis elo zu Stroossbuerg a Bréissel vertrueden hunn, nees alles verspriechen: méi Transparenz, méi Demokratie, méi e soziaalt Europa. An ihren Taten sollt ihr sie messen! Vun Traité zu Traité, vu Vergréisserung zu Vergréisserung, gëtt d‘Dunkelkammer méi däischter, ginn dem Bierger seng Wënsch manner respektéiert… an dat „soziaalt“ Europa féiert an de Chômage, d‘Aarmut an de sozialen Dumping.

Dowéinst ass d‘ADR fir Europa, awer fir manner Europa! D‘ADR wëllt en Europa, dat sech manner an d‘Privatsphär vum Bierger amëscht an dofir deenen eenzelne Länner, och Lëtzebuerg, hir Souveränitéit besser respektéiert. D‘ADR wëllt op kee Fall e federaalt Europa, an deem all wichteg Gesetzer zu Bréissel gemaach ginn, an de Memberstaaten nach déi Kompetenze bleiwen, déi hinne guttwëlleg vun Europa gelooss ginn. Jo, esouguer an déi kommunal Autonomie huet d‘EU sech schonns agemëscht: de Präis vum Waasser hänkt jo bekanntlech vun enger europäescher Direktiv of, a Bréissel bestëmmt, wie Gas an Elektresch däerf liwweren…

D‘ADR wëllt méi Lëtzebuerg: e Lëtzebuerg, dat ënnert anerem selwer iwwert säi Budget, säi Pensiounssystem an säin Indexsystem däerf decidéieren. D‘ADR wëllt, datt mer zu Lëtzebuerg bestëmmen, wéi héich d‘Studenteboursen däerfe sinn, wou mer eis Sprooch däerfe schwätzen (a wou mer se musse schwätzen, wéi an de Schoulen, Spideeler an Altersheimer), an datt mer eis d‘Recht virbehalen, genmanipuléiert Planzen op eise Felder ze verbidden.
En Europa, dat sech MANNER an eist alldeeglecht Liewen aschläicht, e Lëtzebuerg, dat sech MÉI fir seng legitim Rechter an deem Europa asetzt an dem Lëtzebuerger seng Souveränitéit voll a ganz respektéiert: dofir steet d‘ADR, an nëmmen d‘ADR!

Deel dëse Post: