Message vum Joëlle Giannotte, Presidentin vun der ADRenalin

Eng bekannten däitsch Museksgrupp séngt : « Es ist nicht deine Schuld, dass die Welt so ist wie sie ist. Es wär nur deine Schuld, wenn sie so bleibt. Glaub’ keinem der dir sagt, dass du nichts ändern kannst. Die, die das behaupten, haben nur vor Veränderung Angst…» A genau esou ass et och. Wa mir zu Lëtzebuerg als jonk Leit eng Zukunft wëllen hunn, da musse mir opstoen an eis dofir asetzen.

Sécherlech huet een et als Jugend net ëmmer einfach. Et gëtt eis nogesot, datt et eis u Liewenserfarung feelt. Dofir brauche mir awer och kee Blat virun de Mond ze huelen. An deen een oder anere jugendleche Liichtsënn gëtt eis och verzien, well mir jo nach politesch e bësse gréng hannert den Ouere sinn.

Dat hält eis awer net dovun of, aktiv eis Meenung ze vertrieden, genau esou wéi vill Generatioune virun eis.

Et ass eng flott Erausfuerderung, als Jugendmouvement vun enger eigentlech nach jonker Partei unzetrieden. Eigentlech sti mir nach ëmmer fir déiselwecht Saachen an, wéi eis grouss Virbiller vun haut. Déi politesch Problemer hu sech net vill geännert, si hu sech just inhaltlech der Zäit ugepasst. An och déi Jonk wuessen domadder op. Déi logesch Konsequenz ass wuel, datt een erëm vir déiselwecht Saache mat deene selwechten Ziler kämpft: eng Ausbildung fir eng Aarbecht, en Dach iwwert dem Kapp, eng Famill an en éierbare Liewensowend.

Net nemmen als Jugendsektioun vun der adr, mä och als Member vun der europäescher Jugendgruppéierung European Young Conservatives (EYC) hu mir eis Plaz fonnt a stelle souguer de Vize-President.

Schlussendlech kann ee behaapten, datt eis grouss Politiker och emol eng Kéier kleng ugefangen hunn. An dat léist een hoffen, datt och mir, déi jonk Engagéiert vun haut, enges Daags an déi Positioun kommen, wou mir kënnen een Deel vun der Verännerung sinn. Mir sinn op alle Fall houfreg, e Stéck Geschicht vun der Partei, mat dëser 25 Joer Feier, dierfe matzeschreiwen.

Mir wënschen eiser Partei an all eise Memberen alles Guddes an datt mir eis bei der 50-Joer-Feier esou motivéiert wéi haut erëmgesinn.

Joëlle Giannotte
President vun der adrenalin, déi jonk adr