Message vum Premierminister Jean-Claude Juncker

Am Kader vun hirer 25-Joer-Feier huet d’ADR eng Festbroschür erausginn. Dëst ass de Message vum Premierminister Jean-Claude Juncker D’Alternativ Demokratesch Reformpartei, de fréieren Aktiounskomitee fir Demokratie a Rentegerechtegkeet respektiv de fréieren „Aktiounskomitee 5/6 Pensioun fir jiddfereen“ war ni mäi gréisste politesche Frënd. An dat berout op Géigesäitegkeet. Vu perséinlechen Attackë wëll ech hei mol guer net schwätzen. Iwwerhaapt mengt d‘ADR, ech giff ze vill schwätzen. Notamment a Saachen „Euro-Geschwätz“, mat deem ech dem Land schuede soll. Dont acte! An d‘ADR mengt och, ech hätt ze vill Fräizäit a giff Lëtzebuerg just als „Hobbystaatsminister“ regéieren. An dat och nach „amateurhaft“. Dont acte!

D‘ADR huet sech vun 1987 – hirer Grënnung am Convict no enger Petitioun mat 10.000 Ënnerschrëften – bis 2006 scho vum Numm hier nieft all aner Parteie gesat. D‘ADR wollt eigentlech keng Partei, mee éischter eng Protestbewegung sinn. Dat war legitim. Och d’Ziler vun Demokratie a Rentegerechtegkeet, jo vu Gerechtegkeet iwwerhaapt si méi wéi legitim. An déi Ziler deelen ech mam ADR. Allerdengs dierfe se net nëmmen elektoral Fassade sinn. Bei kenger Partei. Och Konservatismus ass legitim. Allerdings dierf en net populistesch oder reaktionär sinn. Rechtsextrem hunn ech d‘ADR iwwregens ni empfond. An dat war si och ni. Dat huet sie viru kuerzem nach ënner Beweis gestallt. Ech deelen och der ADR hier Passioun fir Lëtzebuerg an d’Lëtzebuerger. Allerdéngs heescht et haut net méi „Lëtzebuerg de Lëtzebuerger“.

Eist Land ass zu enger plurikultureller Gemeinschaft, zu enger moderner Gesellschaft ginn. Lëtzebuerg, dat sinn haut Lëtzebuerger an Net-Lëtzebuerger. Lëtzebuerg, dat heescht haut mateneen, net géinteneen. Lëtzebuerg, eis Natioun, dat ass haut eng komplex a räich, oppen a symbiotesch Gemeinschaft vu Gemeinschaften mat ondendlech villen Intersektiounen.

A Lëtzebuerg dat heescht haut och – mee eigentlech nach ëmmer – Europa an den Euro. Innen- an Europapolitik sinn zwou Säite vun enger Medaille. An d’Band vun dëser Medaille ass déi ganz globaliséiert Welt. D’Passioun fir Lëtzebuerg, d’Passioun fir eis Natioun ass duerfir Deel och vu menger Passioun fir Europa. An den Engagement fir Fridden, Fräiheet a Wuelstand an Europa ass ëmmer och Asaz fir Fridden, Fräiheet a Wuelstand doheem. Ee Wuelstand, deen nëmme vertriedbar ass, wann en och mat der Welt iwwer Kooperatiounshëllef gedeelt gëtt. Och dat ass Demokratie a Gerechtegkeet! Et ass duerfir falsch, fir hei e Clivage vum 19. Joerhonnert opzebauen, deen am 20. Joerhonnert fir vill Leed gesuergt huet. „Konsequent fir Lëtzebuerg“ ass nëmme konsequent wann een och konsequent fir Europa ass! A „Liewensqualitéit fir jiddereen“ ass och global ze denken.

Genausou falsch ass et, fir Clivagë bei eis am Land méi déif ze man. Besonnesch wann ee fir Demokratie a Reformë wëll stoen. Dat heescht net, datt ee keng konstruktiv Virschléi an der politescher Saach soll maachen. Am Géigendeel! Mee och hei muss een zur Kenntnis huelen, datt Lëtzebuerg nëmme staark als gerecht Gemeinschaft an als modern Gesellschaft ass. Mir dierfen duerfir gesellschaftspolitesch a gesellschaftskulturell net zeréck. Wat net heescht, datt alles beliebeg wier. Sou bleift och haut d’Famill de Grondsteen vun eiser Gesellschaft. Awer et ass eng méi komplex a méi faarweg Famill. An et ass eng Famill, an där Fra a Mann absolut gläichberechtegt sinn. An zwar net nëmmen an der Theorie. Eis Kanner leiden net dorënner. Si profitéieren dovunner.

Apropos Profit: et kann een an enger Gesellschaft net nëmme profitéieren: et muss een och ginn. Et muss een tolerant sinn. Et muss een d’Leit alleguer gär hunn. Och wa se anescht sinn, wéi ee selwer. Grad dann. Sou gëtt Lëtzebuerg méi faarweg. An domadden och méi staark. Ouni dat déi Stäerkt géint anerer geriicht wier. Well nëmmen zesumme mat der ganzer breeder Gemeinschaft Lëtzebuerg si mer staark. Nëmmen esou gi mer an Europa gehéiert, dat mir méi brauche wéi all anert Land. An dat mir och vun Häerze wëllen.

Haut feiert d‘ADR 25 Joer. Ech wënschen hier duerfir nëmmen dat Bescht, dat Bescht vun heiheem an dat Bescht vun dobaussen, dat Bescht vun der konstruktiver Demokratie, dat Bescht vun der ganzheetlecher Gerechtegkeet, vun där d’Rentë just een Element sinn. Allerdéngs duerchaus een zentralt, dat d’Leit mat Recht beweegt. Dat beweist net zulescht den onbestreitbare Succès vum ADR an der Chamber zanter 1989. An och de Rentendësch vun 2001 mat der Ofschafung vun den „Hongerrenten“. Haut musse mir mateneen eis Rentëgerecht an zukunftsfest gestalten. Dat heescht mir mussen d’Rentemauer Zill fir Zill ofbauen, fir dass d’Renten esou gerecht an esou héich wéi finanziell méiglech bleiwen. An zwar méiglechst ouni Clivage a Polemik tëschent dem ëffentlechen an dem private Secteur. Well dëse Clivage schued – wéi all Gruef – nëmme Lëtzebuerg an de Lëtzebuerger.

Ech hoffen duerfir op eng konstruktiv Zesummenaarbecht mat der ADR an der Zukunft. An als „richteg Partei“ zanter 2006 och eng grouss Verantwortung fir eis Demokratie a fir eng méi zukunftsorientéiert Gerechtegkeet. Well de Staat ass fir mech weder Hobby nach Spill: et ass dat zentraalt Instrument vun eiser Demokratie a Form a Wäerter an domadder och vun der ganzheetlecher Gerechtegkeet. Ech wënschen der ADR all Guddes. All Guddes fir sech. All Guddes fir en oppent Lëtzebuerg.

Jean-Claude Juncker
Premierminister