Neie Schwonk bei der adrenalin

D’adrenalin, déi jonk adr, huet folgende Komitee eestëmmeg gewielt:

  •  Joe Thein, President
  • Gilles Carlizzi, Generalsekretär
  • Joëlle Giannotte, Generalkeesjee

D’adrenalin ass frou, hiren neien, motivéierte Comité ze presentéieren. Gewielt gouf deen um Jugendnationalkongress vum 16. Mäerz 2015 an der Stad. Neie President ass de Péitenger Gemengeconseiller Joe Thein.

Als Jugendbeweegung wëll si sech an dëser Legislaturperiod, wou bis elo vill iwwert eis, awer wéineg mat eis geschwat gëtt, méi dacks a verstäerkt mat jonken an aktuelle Sujeten zu Wuert mellen. D’adrenalin wëll iwwerdeems och an de politeschen Debatten hir Stëmm benotzen, fir déi Jonk mat alternativen a sozialen Iddien ze begeeschteren. Mir si frou mat Lëtzebuerg a wëlle bleiwe, wat mir sinn, an eis wäertkonservativ Iddien sinn am Bräi vun der Lëtzebuerger Politik alternativ a modern.

Ons Jugendorganisatioun erënnert dowéinst och nach emol gären drun, datt si den dräimolegen Nee beim kommende Junisreferendum ënnerstëtzt, a schwätzt sech decidéiert géint d’Auslännerwalrecht, géint d’Walrecht ab 16, a géint d’Mandatslimitatioun aus. Zu weidere wichtege Sujete vun der adrenalin ziele besonnesch d’Schoulpolitik, d’Aarbechtsmaartpolitik, d’Lëtzebuerger Sprooch, d’Demokratie an d’Jugend.

 

Deel dëse Post: