Relioune si wichteg…

Dësen Artikel ass an der drëtter Editioun vum Pefferkär – Chamberwalen 2013 publizéiert ginn.

Relioune si wichteg… ass d‘Iwwerschrëft vun engem vun den nëmmen aacht Kapitelen aus dem CSV-Walprogram. Fir d‘CSV hält dës Wichtegkeet awer schonns no der Grondschoul op! An deem Kapitel ass ze liesen: „In der Sekundarschule wird der Werte- und Religionsunterricht in Zusammenarbeit, im Dialog und nach Verhandlungen mit den zuständigen Anbietern in einem gemeinsamen Werte- und Zivilisationsunterricht zusammengeführt“.

D‘ADR setzt sech weider fir déi fräi Wiel an der Schoul an, an zwar tëschent „formation morale“ a Reliounsunterrecht! Et sief erënnert, datt dem Rapport vun den Experten no, déi sech mam Thema „Trennung vu Kierch a Staat“ befaasst hunn, an de Lycéeën ronn 60 % vun de Schüler sech fir de Reliounsunterrecht entscheet hunn!
D‘ADR respektéiert domadder d‘Entscheedung vun den Elteren an de Schüler. D‘ADR ass och dofir, datt aner Reliounen, op Wonsch vun Elteren a Schüler, offiziell an der Schoul däerfe geléiert ginn.

Den Inhalt vun alle Coursen, ob Relioun oder Wäerteunterrecht, muss dobäi de Respekt virun de Mënscherechter léieren, an op Toleranz vis-à-vis vun anere Reliounen a Weltanschauungen opgebaut sinn.

Datt déi „Chëschtlech“-sozial hiren „C“ vergiessen ass hire Problem. Wann awer muer de Reliounsunterrecht, vu wat fir enger Relioun och ëmmer, vun der Schoul an Hannerhäff verlagert gëtt, kann e grousse Problem fir déi sozial Cohesioun entstoen.

Deel dëse Post: