Schicksalswalen!

Dësen Artikel ass an der LW-Editioun vum Pefferkär – Chamberwalen 2013 publizéiert ginn.

Wou geet dat hin? Dës Fro stellen sech ëmmer méi Leit, an dat net vun näischt.

De Staatsbudget ass zanter Joren déif an de rouden Zuelen. Eis Staatsschold klëmmt riicht virun. De Staat lieft bal dräi Méint am Joer op Puff.

Mä nët nëmmen dat: eis Schoulen, sengerzäit mat déi bescht op der Welt, hunn duerch eng falsch Politik hir Stäerkt verluer a schrecklech vill jonk Leit ginn duerfir haut aus der Schoul direkt an de Chômage katapultéiert.

Héije Chômage, onbezuelbart Wun-nen, Iwwerschëldung, sozial Aus-grenzung, iwwerdriwwe Bürokratie, deegleche Verkéierschaos, steigend Aggressivitéit a Kriminalitéit si keng gutt Zeeche fir d‘Zukunft a maachen de Leit Angscht.

Dat alles ass net vum Himmel gefall. Wéinstens 90 Prozent vun eise Problemer si selwer verschëllt. Dat heescht, datt d’Regierungsparteien duerfir riicht ze stoen hunn!

Wann déiselwecht Parteien elo behaapten, nëmmen si wiere kapabel, d’Land rëm aus där dramatescher Situatioun erauszeféieren, an déi si et eragefouert hunn, dann ass dat e schlechte Witz!

Léif Wielerinnen a Wieler,

Méi wéi jee sinn dës Wale Schicksals-wale fir Lëtzebuerg. Déi traditionell Parteien hunn an deene gudde Jore vill Geld dropgemaach, awer d’Zukunft vum Land net ofgeséchert. An déi Gréng weise mat hirem verbassene Festhalen un deem verréckten Tramprojet, datt si net besser sinn.

D’ADR, déi mat Kandidaten untrëtt, déi hire Gebuertsschäin net verluer hunn a fest mat zwee Féiss um Buedem stinn, ass duerfir an dëser Schicksalswal déi eenzeg valabel Alternativ.

Deel dëse Post: