Schluss mat der Geldverschwendung

Dësen Artikel ass an der véierter Editioun vum Pefferkär – Chamberwalen 2013 publizéiert ginn.

D’ADR war 2009 déi eenzeg Partei, déi d‘Wouerecht iwwert d’Staatsfinanze gesot huet. Mir hunn drop opmierksam gemaach, datt d’Reservë praktesch opgebraucht waren. Deemools huet d’CSV et awer fäerdegbruecht, nach Walcadeauen ze verdeelen.

An der lescht huet d’CSV-LSAP-Regierung Joer fir Joer e Staatsdefizit vun iwwert enger Milliard opzeweisen. 2013 läit den Defizit bei 1,2 bis 1,3 Milliarden Euro. Enn 2013 waërt d‘Staatschold bei 11,5 Milliarden Euro leien, also ronn 23 000 Euro op de Kapp.

Och de Finanzminister weess zënter Joren, datt 2015 d’TVA-Recetten op den e-Commerce wäerten abriechen, wat e Verloscht vu 700 000 bis 800 000 Euro bedeit. Domadder géif dann de Gesamtdefizit op ronn 2 Milliarden Euro klammen !

De Staatsbudget an den Equiliber bréngen

Dofir setzt d’ADR sech an, datt an Zukunft nëmme Mesurë geholl ginn, déi de Staatsbudget net zousätzlech belaaschten. D’ADR verlaangt, datt esou séier wéi méiglech de Budget vum Zentralstaat nees an den Equiliber kënnt, ouni datt et dobäi zu sozialen Häertefäll soll kommen.

D’Ausgabe vum Staat deelen sech, graff gerechent, esou op :

  • 40% fir Sozialtransferten,
  • 20% fir Gehälter vun de Staatsbeamten,
  • 20% fir Investitiounen,
  • 20% fir Fonctionnementskäschten.

Wann ee wierklech wëll spueren, da kënnt een net derlaanscht, an dës véier Kategorien anzegräifen.

D’ADR proposéiert z.B. an der Familljepolitik all Zoulagen, vum Kannergeld bis zum Chèque-Service, an engem Erzéiungsgeld zesummenzefaassen. Dëst géif, no engem Abattement, de Steieren ënnerworf ginn, fir esou déi sozial Komponent anzeféieren.

Projeten, déi economesch Sënn maachen

Wat d’Staatsbeamtepaie betrëfft, proposéiert d’ADR d’Masse salariale vun der Fonction publique anzefréieren. Dat heescht, datt nieft den normalen Avancementer an dem Index, et keng zousätzlech Augmentatioun vum Punktwäert däerf ginn. Weider muss bei der Pensionéierung vun engem Beamte gekuckt ginn, op dëse Poste wierklech muss weider besat ginn.

Bei der aktueller Situatioun vum Land, an de Besoinen z.B. vun neie Lycéeën, muss den Niveau vun den ëffentlechen Investitiounen héich bleiwen. Et däerf awer nëmmen a Projeten investéiert ginn, déi economesch Sënn maachen an och wierklech gebraucht ginn.

Bei de Frais de fonctionnement proposéiert d’ADR, datt all Minister virun der Opstellung vum Budget muss an déi zoustänneg Chamberkommissioun kommen. Do gëtt gekuckt, bei all Artikel, op déi Depensen och sënnvoll sinn. Esou kënnen 10% bis 15% vun de Fonctionnementskäschten agespuert ginn.

Mat der Geldverschwendung muss Schluss sinn! De Staat muss nees léieren ze spueren a mat deem Geld auszekommen, wat erakënnt, dëst ouni d’Steieren ze héijen oder neier ze erfannen. De Staatsbudget muss opgestallt ginn nom Motto : net méi ausginn, mä d’Geld besser ausginn. D’Scholde vun haut sinn d’Steiere vu muer a belaaschten d’Zukunft vun eise Kanner an déi vun den nächste Generatiounen.

Deel dëse Post: