[Videoen] Bettel-Gehässegkeeten op konstruktiv ADR-Kritik

Chamber

Skandaléis ausfälleg ass de Premier Xavier Bettel ginn, wéi e Mëttwoch, den 21. Januar an der Chamber d’Konventioun mat de Kierchen diskutéiert gouf. Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser huet mat konstruktiver Kritik seng Meenung gesot (hei seng ganz Ried), an zwar a muncher Hisiicht. Mais hie sollt eng Ausso aus senger Ried direkt bestätegt kréien: Et kënnt eng Zäit vu Verletzungen a vun emotionalem Verdross op Lëtzebuerg duer. An en Deel vun der Roserei erklärt sëch vläit, well de Fernand Kartheiser och do gedréckt huet, wou ët wéi deet. Huet eis d’Land net aner vill méi uerg Problemer, wéi déi Konventioun do?

D’Konventioun selwer ass guer keng Trennung vu Kierch a Staat, seet de Fernand Kartheiser (Video) jo nach eemol a sengem Fazit. An hie warnt och a senger Ried viru Kouhändel (Video) mat deenen dräi Punkte vum Referendum, déi elo nach bleiwen.

Wat de Premierminister vu ganz Lëtzebuerg op déi Ried ze äntweren hat, hat näischt mat der Saach ze dinn. Et gouf wëll Virwërf iwwer Extremismus a Wieder wéi Hitler a Nazi si gefall (Video vum éischten Ausraster vum Premier). “Beim Här Bettel ass ee séier Extremist”, mengt een Deputéierte richteg, an dat nodeems de Premier séng Ried mat schéine Wieder iwwer Toleranz a Meenungsfräiheet ugefaang hat. Wéi hie sech no laangem Fléiwe sollt entschëllegen, nodeems de Gast Gibéryen dat mat aller Energie gefuerdert hat, ass de Xavier Bettel du nach eng Kéier ausfälleg ginn … an dat gëtt sécher eng Datz, well dat war völleg „Thema verfehlt“. Doropshinn hu Gast Gibéryen (Video) a Fernand Kartheiser nach eemol heizou Stellung geholl an de rosene Premier koum nët gudd ewech. Besonnesch de Fernand Kartheiser huet hien u seng Pflichten als Staats- a Premierminister missen erënneren.

Deel dëse Post: