Déi national Interessie verdeedegen

D’ADR verlaangt, datt d’Regierung vill méi konsequent déi national Interessien um europäeschen Niveau verdeedegt an net dem Drock vun anere Memberstaaten, vun europäeschen Institutiounen oder vu supranationalen Organisatiounen nogëtt.

D’ADR erënnert drun, datt d’Fiskalitéit eng nationel Kompetenz ass an datt d’Decisiounen, déi déi indirekt Fiskalitéit betreffen, mussen eestëmmeg geholl ginn. D’ADR fuerdert d’Regierung op, vum Vetorecht Gebrauch ze maachen, wann déi vital Interessie vum Land um Spill stinn.

D’Unanimitéit als allgemeng Reegel

D’ADR akzeptéiert net méi, datt Lëtzebuerg oder en anere Memberstaat ënner d’Tutelle vun iergendenger europäescher Institutioun gestallt gëtt.

Fir d’ADR muss iwwert all Souveränitéits-transfert vum nationalen op den europäeschen (oder supranationalen) Plang per nationale Referendum ofgestëmmt ginn.

De Prinzip vun der qualifizéierter Majoritéit, esou wéi am Traité vu Lissabon festgeluecht, erlaabt et, d’Decisioun ze huele géint de Wëlle vun enger grousser Unzuel u Memberstaaten. D’ADR verlaangt, datt d’Eestëmmegkeet beim Vote nees als allgemeng Reegel fir d’Decisiounen um EU-Niveau ageféiert gëtt.

Déi europäesch Rechtsnorme besser ëmsetzen

“Déi ganz Direktiv an nëmmen d’Direktiv”: d’ADR verlaangt, datt d’Regierung an d’Chamber beim Ëmsetze vun europäesche Rechtsakten an d’nationaalt Recht dëse Prinzip respektéiert. Et kann net sinn, datt de Bierger an den Entreprisë Mesuren imposéiert ginn, déi méi wäit ginn ewéi déi, déi um europäeschen Niveau bestëmmt ginn.

D’Chamber am Mëttelpunkt vun EU-Decisiounen

Fir déi national Interessien op eng efficace Manéier ze verdeedege mussen déi verschidde Vertrieder an den europäeschen Institutiounen iwwer kloer Mandater verfügen, déi am Accord mat der Chamber definéiert ginn. D’Chamber muss also bei wichtegen Decisiounen, déi am Conseil vun der EU ze huele sinn, am viraus informéiert ginn.

Eng nei Hierarchie fir déi europäesch Rechtsnormen

Eng Rei Traitéë sinn d´Rechtsgrondlag vun der EU, mä déi national Verfassunge stellen hierarchesch gesinn an den eenzelne Länner déi stäerkst Rechtsnorm duer.

D‘ADR verlaangt, datt nees méi Kompetenze bei d‘Memberstaate kommen an datt déi europäesch Traitéen an deem Sënn reforméiert ginn.

Eng nei legal Basis fir dat gemeinschaftlecht Europa

Déi national Verfassung steet iwwert dem europäesche Recht; d‘Dele-gatioun vu souveräne Rechter ass temporär a limitéiert; dat europäescht Recht däerf net iwwert dem Wëlle vun der Chamber stoen.

Lëtzebuerg an allen EU-Institutioune vertrueden

Lëtzebuerg muss permanent an allen Entscheedungsgremie vun der EU vertruede sinn, d’EU-Commissioun mat abegraff.

Lëtzebuerg als Sëtz vun den EU-Institutiounen

D’Fro vum Sëtz vun den Institutioune muss weiderhin esou gereegelt bleiwen, wéi et an den aktuellen Traitéë virgesinn ass. De Sëtz vum Europäesche Parquet muss zu Lëtzebuerg sinn.