Zwouklassemammerent

Dësen Artikel ass an der LW-Editioun vum Pefferkär – Chamberwalen 2013 publizéiert ginn.

Eng Fra, déi schafft, geet am Prinzip mat 60 Joer (oder virdrun) a Pensioun a kritt dann, zesumme mat hirer eegener Rent, d’Mammerent vu 86,54 € pro Mount a pro Kand bezuelt. Mammen, déi doheem bliwwe sinn an hir Kanner groussgezunn hunn, kréie vum 1. Januar 2011 un d’Mammerent eréischt vu 65 Joer un ausbezuelt! D‘ADR huet sech konsequent fir d‘Mammerent agesat.

Verloscht: 5 200 € pro Kand

Bei der Aféierung am Joer 2002 war et der ADR ze verdanken, datt dës vu 60 Joer un ausbezuelt ginn ass. Den 2. Dezember 2010 huet d‘CSV-LSAP-Majoritéit d‘Mammerent 5 Joer no hanne gesat: all concernéiert Mamm verléiert esou 5 200 € pro Kand! D’ADR seet weider NEEN zur Zwouklassemammerent !

D‘Mammerent muss nees vu 60 Joer un ausbezuelt ginn!

Deel dëse Post: